Historesch Moment gëschter fir Lëtzebuerg: Den Trounwiessel ass vollzunn. An der Stad virum Palais an um Knuedler haten sech gëschter e puer Dausend Leit versammelt fir bei deem historeschen Dag dobäi ze sinn. Op groussen Ecrane konnte si d‘Ofdankung vum Grand-Duc Henri am Palais an dann den Eed vum neie Grand-Duc Guillaume an der Chamber live materliewen. Besonnesch gefreet gouf sech op d‘Presenz vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie um Balcon vum Palais. De Pit Beffort war fir eis an der Stad.