Um Bols

Um Bols

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Um Bols episodes

  • “Déi Tauxen hu mech bal ruinéiert”
    Duerch déi héich Zënse sinn d’Aktivitéiten um Wunnengsmaart, wat de Kaf a Verkaf vun Haiser ugeet, ëm 47 Prozent par rapport zum leschte Joer gefall. Zanter bal zwee Joer probéiert d’Sara hiert Haus ze verkafen - ouni Erfolleg. D’Ana Angel huet sech mat der Sara am eidelen Haus getraff.
    10 min
  • Zementindustrie: Ouni CO2 geet et net
    Vun allen Industrieberäicher ass d‘Zementsindustrie eng vun deenen, déi am meeschten CO2-Emissioune produzéiert. Déi geplangten Dekarboniséierung fir de Klimaschutz stellt och déi Lëtzebuerger Zementindustrie virun e groussen Challenge.
    7 min
  • Chamberwalen: Fir d’éischte Kéier wiele goen
    Vill Jonker ginn e Sonndeg fir d‘éischte Kéier wielen. Op enger Table ronde am Lycée Aline Mayrisch huet de Pierre Reyland véier Premièreschüler:inne, déi fir d‘éischte Kéier wiele ginn, begéint a mat hinnen iwwer hir Erwaardunge fir dës Chamberwale geschwat.
    9 min
  • Mam Zuch vun Ëlwen an d’Stad - an dat all Dag
    Mol net eng Woch ass et hier, datt ganz Lëtzebuerg am Stau stoung. Ee schwéiert Accident op der A1 hat dofir gesuergt, datt d’Autobunn komplett huet misse gespaart ginn. Fir Leit, déi all Dag mam Auto op d’Schaff fueren, heescht dat: vill Gedold matbréngen. Mam ëffentlechen Transport entkënnt een zwar esou engem Trafik, Gedold muss een trotzdem matbréngen.
    Mir hunn eng Fra begleet, déi d’Gedold huet, all Dag mam ëffentlechen Transport vun Ëlwen an d’Stad schaffen ze fueren.
    9 min
  • Aarm sinn zu Lëtzebuerg
    197 Mënschen ouni Daach iwwer dem Kapp goufen zejoert eleng an der Stad gezielt. D’Donkelziffer dierft awer méi héich sinn. An: Eng 10.500 elengerzéiend Eltere ginn et zu Lëtzebuerg, bal 30 Prozent dovunner befanne sech, de leschten Zuele vun STATEC no, ënner der Aarmutsgrenz. Mir hu mat Betraffene geschwat.
    10 min
  • Schoulrentrée … op Franséisch
    D’Schoul huet nees ugefaangen. An d’Alphabetiséierung op Franséisch geet virun. An der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng leeft de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung elo am zweete Joer. De Pierre Reyland war kucken, wat d'Kanner an Enseignanten do schon alles geléiert hunn an der franséischer Filière.
    8 min
  • Schraasseger Prisong: Méi Plaz, manner Tensiounen
    Am Schraasseger Prisong sëtzen zanter der Ouverture vum Uerschterhaff zu Suessem viru gutt néng Méint just nach hallef esouvill Detenuen. Eng 250 Männer an Untersuchungshaft sinn am Ufank vum Joer vu Schraasseg an den neie Centre Pénitentiaire op Suessem geplënnert. Eng absolutt Necessitéit fir de Prisong zu Schraasseg kënne méi human ze gestalten, esou wéi et am Gesetz vun der Reform vum Strofvollzuch virgesinn ass. Zäitweis waren iwwer 700 Männer a Fraen zu Schraasseg agespaart, woubäi déi maximal Kapazitéit eigentlech bei 580 läit. Haut sinn et der nach 330. D’Marlène Clement war hannert d’Prisongsdiere kucken, wéi sech dee Changement op de Schraasseger Prisong auswierkt.
    10 min
  • Remboursement vun der Psychotherapie: "Et traue sech méi Leit ze kommen."
    Zanter dem 1. Februar gëtt d’Psychotherapie vun der Gesondheetskeess rembourséiert. No jorelaangen Diskussiounen tëschent der Federatioun vun de Psychotherapeuten an der Gesondheetskeess kréie Mineuren elo 100 Prozent an Erwuessener 70 Prozent pro Therapie-Seance zeréckbezuelt. Wat huet sech zanter dem Remboursement geännert? D'Marlène Clement huet bei enger Patientin a bei enger Psychotherapeutin nogefrot.
    8 min

About Um Bols

From the publisher's feed

Lëtzebuerg virun de Chamberwalen. Wat si Suergen, déi d’Leit hei am Land hunn? A wat sinn déi grouss Sujeten, déi beweegen? Déi grouss Repoortage-Serie.