Et gi vill Methoden, wéi een sech iwwert Internetsécherheet informéiere kann. Wann dir dat leiten lauschtert, dann hutt dir eng besonnesch praktesch Manéier entdeckt: Dir musst just nolauschteren an gitt sou ouni vill Méi informéiert. Mä een Podcast huet natierlech de Nodeel, datt dir mech net direkt froe kënnt, wann iech eppes onkloer ass. An dir kënnt iech och net eraussichen, zu wat fir engem Thema ech iech eppes zielen. Dir kënnt zwar eppes beim Podcast-Lauschteren iessen, mä dat ass net gratis.
Lo frot dir iech wahrscheinlech, wisou ech op een mol vu gratis Iesse schwätzen. Ma zanter e puer Méint gëtt et zu Lëtzebuerg een neit Event, dat Wëssen iwwert Internetsecherheet mat engem gratis Mëttegiesse verbënnt. Riets ass vum Crypto Lunch, dee bëssen nom Prinzip vun de Crypto-Partien opgebaut ass. Bei enger Crypto-Party treffen sech ganz vill Leit an schwätzen iwwert Thema Verschlësselung an feieren eventuell och nach.
De Cryptolunch ass awer bëssen aanescht. Zesumme mat der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg organiséiert „Security made in Luxembourg“ dësen Event, deen eemol am Mount soll stattfannen. Europäesch Bierger sollen sech an engem informellen, flotte Kader mat Experten aus der Branche austausche kënnen. Dat iwwert Theme Privatsphäre an Internetsécherheet. Grad an eiser vernetzter Welt gëtt et ëmmer méi schwiereg, ze definéieren, wou d‘Privatsphär ufänke soll an wéi wäit d‘Gesellschaft oder Firmen an eist Privatliewen andrénge kënnen. Iwwert dës Froe kann beim Cryptolunch ouni Problemer geschwat an diskutéiert ginn.
Een Zil vum Cryptolunch ass et, sou nidderschwelleg wéi méiglech ze sinn. Et gëtt zwar all Mount een Thema, mä et muss een keen Expert doranner sinn, fir matzemaachen. Am Géigendeel, grad Leit déi net vill Expertise hunn, sinn agelueden, Froen ze stellen. Am Mäerz ass et ëm d‘Schlagwuert „Internet of Things“ gaangen, also connectéiert Geräter am Alldag, am Juni ass iwwert d‘Notzungsbestëmmungen vu sozialen Netzwierker wéi Facebook diskutéiert ginn.
D‘Cryptolunches sinn ëmmer op englesch an op franséisch, sou datt méiglechst vill Leit dovunner profitéiere kennen. Hannert dem Cryptolunch steet d‘Team vun „Hack4Kids“ - si hunn also Erfahrung doranner, Internetsecherheet liicht verständlech ze erklären. D‘Cryptolunches sinn ëmmer an der Maison d‘Europe. Méi Informatioune fannt dir op cryptolunch.lu
Weider Informatiounen zum Thema Internetsecherheet fannt dir op bee-secure.lu
Quellen:
http://www.cryptolunch.lu/