Zanter 2006 gëtt et een neie Feierdag, deen ëmmer méi u Wichtegkeet gewënnt. Riets ass vum sougenannten „Geek Pride Day“. Et ass zwar keen offizielle Gedenktag, mä eng privat Initiative, déi vu Spuenien aus gestart ass an déi ganz Welt eruewert huet. Gläichzäiteg ass et den „Towel Day“, deen Dag also, op dem d‘Fans vum Science-Fiction Auteur Douglas Adams – zum groussen Deel och Geeks – de ganzen Dag mat engem Duch ronderëm lafen – sou wéi eben d‘Protagonisten am Adams sengem Roman „Per Anhalter durch die Galaxis“.
De Begrëff „Geek“ kënnt vum Däitschen „Geck“, dat mir am Lëtzebuergesche jo nach als „De Geck mat engem maachen“ kennen. Geek war ursprénglech eng ofwärtend Bezeechnung fir Leit, déi enthusiastesch an engem bestëmmte Gebitt oder Hobby sinn, wéi zum Beispill Mathe, Informatik oder ebe Science-Fiction. Geeks gëtt nogesot, net immens sozial oder sportlech ze sinn an och wéinst hiren Interessen Aussesäiter ze sinn. Een ähnleche Begrëff ass „Nerd“.
Zanter e puer Joer ass Geek-sinn awer schick ginn. Net nëmmen, dat deck Brëllen an Héichwaasserboxen op een Mol am Trend waren, mä et ass haut och net méi verpönt, sech fir Mathe, Informatik oder soss Naturwëssenschaften ze interesséieren. Och doduerch, datt vill vun der „Geek Culture“ wéi Fantasy, Science-Fiction oder Superhelden am Mainstream ukomm ass, huet sech d‘Bild geännert. Net zu läscht hu Serië wéi „The Big Bang Theory“ dozou gefouert, datt Geeks cool gi sinn. Mä am Fong ass et och d‘Bewosstsinn, datt de technologesche Wandel vun de leschte Joerzéngten just duerch Geeks erméiglecht ginn ass, datt d‘Geeks schick gemaach huet. Computer, Internet, Smartphonen – all déi Saache sinn vun Aussesäiter entwéckelt ginn. An an Zukunft wäerte mir vill méi Geeks brauchen, fir dës Entwécklunge weider ze dreiwen.
Dofir wonnert et och net, datt déi sougenannt MINT-Fächer, also Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaften an Technik staark gefërdert ginn. Mä och dat praktescht Bastelen, Ausprobéieren, Testen an Entwéckele gëtt ëmmer fir méi Schüler accessibel. Dat zum Beispill am Cader vu BEE CREATIVE. BEE CREATIVE ass d‘Schwësterinitative vu BEE SECURE, déi iwwerall a Schoulen am Land Makerspaces ageriicht huet. Do kënne Schüler mat 3D-Printeren, Laserfräsen an anerem Geschir alles Méigleches ausprobéieren. Mä och ganz vill aner Initativen a Veräiner erméiglechen et, geeky Hobbyen an Interessen auszeliewen an Saachen ze testen. Sou zum Beispill den hackerspace level2 zu Bouneweg. Weider Informatiounen an och d‘Links zu den Initiativen wéi maker- an hackerspace fannt dir op bee-secure.lu
„Geeky“ Initativen zu Lëtzebuerg:
BEE CREATIVE Makerspace
syn2cat – Geek and Hacker Community und Hackerspace
GeekGirlsCarrots Luxembourg
Frënn vun der Ënn
Science Fiction & Fantasy Society Luxembourg
LuxCon