D'Gedenkfeiere vun dësem éischte Gebuertsdag goufe vun engem Evenement verduerwen, dat d'Nazien souguer an Erklärungsnout bruecht huet: An der Nuecht op den 11. Mee 1941 gouf nämlech de Rudolf Hess, ee vun den eelsten an enkste Mataarbechter vum Adolf Hitler, a Schottland gefaange geholl. Dës Affär huet d'Stëmmung zu Lëtzebuerg staark impaktéiert. Eng Chronik vum Vincent Artuso