Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätze mir iwwert een Thema, bei dem dem engem oder aneren eng Luucht wäert opgoen. Eng Täscheluucht ass eng praktesch Erfindung, zum Beispill wann een dobaussen am Däischteren eppes muss sichen oder wann de Stroum ausfält an een d'Sécherungskëscht ënnersiche muss.
Mä sou eng Täscheluucht hëlt Platz ewech, je no Modell brauch se almoudesch Batterien, déi ëmmer genee dann eidel sinn, wann een se bräicht. Lo hunn mir awer bal alleguerten een Smartphone an der Täsch, déi meeschtens eng hell Luucht hunn, déi beim Fotograféieren als Blëtz déngt. Am Fong ass dat jo eng agebauten Täscheluucht.
Fir déi Luucht gëtt et meeschtens awer kee Knäppchen, mä et brauch een eng Funktioun an der Software, fir se un an auszeschalten. Ween Android 5.1 oder iOS 9 huet, muss sech keng Gedanke méi maachen: d'Täscheluuchtenfunktioun ass am Betriebssystem integréiert. Mä ween awer méi al Software op sengem Handy lafen huet, muss sech eng App roflueden, fir d'Täscheluucht benotzen ze kennen.
An hei gëtt et elo kritesch: Eng ganz Rëtsch vun Apps, déi am Fong soss näischt maache solle wéi eng Luucht un an aus schalten, froen no Berechtegungen. Sou géif d'Täscheluucht-App zum Beispill gären är Kontakter wëssen, äre Standuert mëttels Geolocatioun erausfannen, är SMSen liese kënnen, an sou weider. Déi Apps stinn am Verdacht, datt se är Donnéeë klauen an iech sou ausspionéieren.
Et ass also wichteg, virum Installéiere vun enger App genee ze kucken, wat fir Berechtegungen déi App wëll an sech ze iwwerleeën, ob se déi och wierklech brauch. Eng Täscheluucht muss net telefonéiere kënnen. Eng gutt Method ass och, sech d'Bewäertunge vun aneren User kritesch duerchzeliesen. Op bee-secure.lu fannt dir een Artikel mat Tipps an Tricks zu Berechtegungen, déi Apps ufroen.
Zum Schluss wëll ech iech awer och nach eng Kéier op den Safer Internet Day opmierksam maachen. Deen ass dëst Joer den 9. Februar an steet ënner dem Motto „Play your part for a better Internet“. Op der ganzer Welt wäerte vill verschidden Aktiounen an Evenementer stattfannen. BEE SECURE koordinéiert déi Evenementer fir Lëtzebuerg. Geplant sinn zum Beispill eng Rallye, een Workshop am Jugendhaus zu Diddeleng oder eng Radiossendung am Kader vun Graffiti, de Jugendsendungen um Radio ARA. Wann dir also selwer eng Aktioun zum sécheren Internet plangt, an ärer Schoul, ärem Veräin, Jugendhaus oder Firma, da melt iech op bee-secure.lu De Recht vun iech notéiert sech einfach den 9. Februar 2016 als Safer Internet Day an de Kalenner!