Mega-Prozesser am Kapp!
Et ass eist wichtegst Organ! Obwuel et just zwee Prozent vun eisem Kierpergewiicht ausmécht, verbraucht et ee Fënneftel vun der Energie! D’Gehir. Mir erklären wéi et funktionéiert. Weisen an engem spannenden Experiment, datt et net ëmmer alles matkritt wat ronderëm eis geschitt. Léieren e jonkt Meedche kennen datt mat just engem halwe Gehir lieft. An de Mister Science wëll säi Gehir an e Rausch versetzen, ouni Drogen ze huelen!