Moien, hei ass de Joël vu BEE SECURE. Haut schwätzen ech iwwert Copyright. Dat ass een Thema, dat eis am Internet stänneg begéint an dat zimlech komplizéiert ass. Fréier, wou déi meescht Medien nach analog waren, war dat mam Copyright méi einfach: fir eng Kopie ze maachen, huet een een physesche Support wéi zum Beispill een Tounband gebraucht. Dementspriechend war et och méi schwiereg, eng illegal Kopie ze maachen. Haut gi vill Medien digital verbreed, an et kascht quasi näischt, fir eng Kopie ze maachen. Alles, wat dir am Internet liest, lauschtert oder ukuckt, kënnt als Kopie op äre Computer oder Smartphone. Beim Streaming ass dat zwar just temporär, mä soss funktionéiert den Internet wéi en risegrouss Kopiesmaschinn.
Grondsätzlech gëllt, datt jiddereen, deen een Wierk wéi zum Beispill een Text, een Lidd oder een Film erschaaft, dofir de Copyright huet. Op Däitsch heescht dat „Urheberrecht“, op franséisch „droits d'auteur“. Ween mat senge Wierker Sue verdénge well, muss se dofir meeschtens verkafen. Dat erklärt, wisou illegal Downloads oder Streaming net nëmmen net erlaabt sinn, mä och ville Kënschtler a Kënschtlerinnen net gefalen. Allerdéngs gëtt et och Kritik um Copyright: Verschidde Gruppéierungen hätte gären, datt d'Recht op eng privat Kopie erëm gestäerkt gëtt. Sou wéi et bei engem physesche Buch kee Problem wat, dat engem Kolleg ze léinen, sou ass dat bei ebooks zum Beispill dacks legal iwwerhaapt net méiglech. Dat sinn Kritikpunkter, déi zum Beispill an den Rapport vum Europaparlament zum Copyright agefloss sinn.
Ween legal Medie konsuméiere wëll, huet dofir haut eng zimlech breet Palette un Servicer, déi en notze kann: Amazon, iTunes, Netflix, spotify, an esou weider. Dacks kann een sech een Abonnement kafen, mat deem een illimitéiert Filmer, Musik oder souguer ebooks kucken, lauschteren an liese kann. Mä dat kascht alles Suen oder et brauch een eng Kreditkaart, déi een als Jugendlechen natierlech net sou einfach kritt.
Zum Gléck gëtt et eng ganz Réi vu Kënschtlerinnen a Kënschtler, déi hir Wierker ënnert fräie Lizenzen zur Verfügung stellen. Creative Commons ass zum Beispill ee Grupp vun esou Lizenzen, déi ëmmer heescht, datt een een Wierk gratis a legal däerf eroflueden a konsuméieren. Je no Lizenz däerf een déi Wierker och fir eege Kreatioune benotzen. Esou ass zum Beispill d'Hannergrondmusek, déi dir am BEE SECURE-Podcast héiert, mat Creative Commons lizenséiert.
Grad fir Leit, déi selwer Medie produzéieren, ass sou eng Lizenz enorm praktesch. Dir fannt Medien ënnert fräie Lizenzen zum Beispill op jamendo.com, archive.org oder freesound.org. Fir Fotoen huet zum Beispill flickr.com eng eege creative commons-Rubrik. Copyright huet awer och een Oflaafdatum: An deene meeschte Länner ass dat 70 Joer nom Doud vum Auteur. Sou kann een zum Beispill beim Projekt Gutenberg vill ebooks fannen, déi mëttlerweil „gemeinfrei“ oder „public domain“ sinn: jiddereen däerf se benotzen an sou veränneren, wei hie well. Sou ass zum Beispill dem Jane Austen säi Roman „Pride and Prejudice“ virun e puer Joer zu „Pride and Prejudice and Zombies“ ëmgeschriwwe ginn. Dat war legal, well d'Jane Austen schon iwwer 70 Joer doud ass.
Weider Informatiounen zum Thema Copyright fannt dir wéi ëmmer op bee-secure.lu