Den Zionismus war an den Drëssegerjore vum leschte Joerhonnert net nëmmen eng sozialistesch oder reliéis gepräägten Utopie, déi sollt a Palestina verwierklecht ginn. Et sinn esou och Reseauen entstanen, déi gehollef hunn, jonk jiddesch Leit aus Nazi-Däitschland erauszekréien. De Journalist Frédéric Braun huet iwwert déi zionistesch Präsenz zu Lëtzebuerg recherchéiert. D'Renée Wagener schwätzt mat him iwwer seng Recherchen zu deem Thema.