Déi eege Kreativitéit an en Esprit d'entreprise entdecken, dat ass Sënn an Zweck vum Makerfest vum Service National de la Jeunesse. Op där Foire am Forum Geesseknäppche kënne Kanner a Jugendlecher vun 8 Joer un Aktivitéiten an Animatiounen am Beräich vun den neien Technologien a vum Handwierk deelhuelen.