
Sign up to save your podcasts
Or


Hei am Land ginn et, trotz ganz dréchene leschte Méint, bis elo keng Enkpäss beim Drénkwaasser. Op Mauritius ass dat anescht. Eng Lëtzebuergerin erzielt, wéi dat sech ufillt.
Haut a muer ass EU-Sommet zu Bréissel, mat engem gutt gefëllte Programm: Vun den héichen Energiepräisser, enger adäquater Äntwert op d’Konkurrenz aus China, bis bei d’Migratiounspolitik, nei EU-Memberlänner, de Krich an der Ukrain an net ze vergiessen dem grousse Sträit iwwer den neien europäesche Budget, gëtt op dësem Sommet esou gutt wéi kee vun den aktuelle groussen Dossieren ausgelooss. Wat soll da konkreet décidéiert ginn - a wéi kann zum Beispill am verfuerenen Debat iwwer de Budget de Knuet opgeléist ginn ? Aschätzunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber live vum EU-Sommet.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
From the publisher's feed