D’EU wëllt bis a véier Wochen en Accord fannen iwwer den nächsten EU-Budget. An da kann et sinn, datt all d’Länner en Deel vun hiren Tubaksaccisen un d’Europäesch Unioun mussen oftrieden. Lëtzebuerg wier dovu besonnesch staark betraff, d’Accise maachen zu Lëtzebuerg am Moment ronn annerhallef Milliard Euro pro Joer aus.
Lëtzebuerg ass do net frou driwwer, mee schéngt sech och net kategoresch dogéint ze wieren.
Wat bedeit déi nei europäesch Steier fir de Grand-Duché ? Wéi déif misst Lëtzebuerg an d’Täsch gräifen? A kann de Premier bei de Verhandlungen nach eppes erausschloen?
Aschätzunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.