Dee klenge Regionalkino zu Iechternach huet schonn dacks ëm d’Iwwerliewe gekämpft – mat neien Iddien an Investissementer soll et elo dauerhaft klappen. De Claude Bultgen, neie President vun der Ciné Sura asbl, déi de Kino bedreift, ass zu Gaascht bei eis am Studio, fir e wéineg méi iwwert seng Visioun fir ee vun den eelste Kinoen am Land ze verroden.