Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Presserevue
    Mat ë.a. de Sujete Jugendgewalt, Jonker an der Chamber, Vëloswee an der Nordstad a Koalitioun vun de Wëllegen
    4 min
  • Live vun der COP31
    Geet den Emweltminister Serge Wilmes dovun aus, datt nach en Accord fonnt gëtt - oder muss d'Weltklimakonferenz an d'Verlängerung goen?
    14 min
  • Exit vum Brexit: Wéi warscheinlech ass dat a wee gewënnt dobäi?
    Zanter bal 7 Joer ass Groussbritannien net méi Member vun der EU. Bleift dat esou? Mam neie britesche Premier Andy Burnham kéint nees Beweegung an d’Spill kommen.
    Groussbritannien hätt duerch den Austrëtt méi verluer, ewéi gewonn, sou den Andy Burnham vrun e puer Deeg zu London. E Freideg gesäit de brittesche Premier d’EU-Spëtzten zu Bréissel fir deen zweeten EU-Groussbrittannien-Sommet. Wat ass do ze erwaarden? Kéinten d’Vereente Kinnekräich effektiv enges Dags nees Member vun der Europäescher Unioun ginn?
    Dat froee mir den David McAllister, hien ass Europapedeputéierten vun der däitscher CDU an am Europaparlament de President vun der aussepolitescher Kommissioun.
    9 min
  • Aquapilot: Eng automatiséiert Fär op der Musel
    Mam „Aquapilot“ Projet soll d‘Musel-Fär Sankta Maria II tëscht dem lëtzebuerger Waasserbëlleg an dem däitschen Oberbillig soll bis 2028 zum Deel automatiséiert ginn. Doduerch sollen de Service an d‘Frequenz verbessert ginn.
    5 min
  • Wéi de Brexit d'Studenteliewen a Groussbritannien beaflosst
    Beim Héichlechkeetsbesuch vum Groussherzog Guillaume a Groussbritannien goung et insgesamt drëm, d‘Relatioune mam Vereente Kinnekräich ze verbesseren: déi sinn zënter dem Brexit net méi esou evident. Dat mierken och Lëtzebuerger déi a Groussbritannien wëlle studéieren goen. An hir Realitéit am Studentenliewen war och en Thema gëschter wärend der Londoner Visitt.
    5 min
  • Lëtz Share: Eng Bibliothéik ouni Bicher
    Firwat eng Maschinn kafen, déi een nëmmen heiansdo benotzt? Op der Uni Lëtzebuerg kënne Studente sech zanter Mee gratis Kichenapparater, Sportmaterial an aner Alldagsgéigestänn ausléinen. De Projet soll de Studenten hëllefen, Suen a Ressourcen ze spueren. Wéi dat am Alldag funktionéiert a firwat d'Offer ëmmer méi genotzt gëtt, huet sech de Chris Meisch op der Plaz ugekuckt.
    5 min