Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Kanner kréien en Abléck an d'Welt vun der Justiz
    Wéi funktionéiert d'Justiz a wat fir Rechter hunn d'Kanner? Mat dëse Froen huet sech eng Schoulklass aus dem Cycle 4.2 beim YOUstice-Atelier an der Cité judiciaire beschäftegt. Am Virfeld vum Weltkannerrechtsdag konnten d'Schüler mat Experte schwätzen, d'Aarbecht vun der Justiz kenneléieren a selwer a Riichterrobe schlüpfen. Dobäi goung et och ëm d'Fro, wéi d'Meenung vu Kanner an engem Geriichtsprozess berücksichtegt gëtt.
    5 min
  • Presserevue vun 08:15
    KI op der Finanzplaatz, e schwaache Beschäftegungswuesstem an den Ausbau vun den Tanklager zu Mertert sin Themen an der Presserevue
    5 min
  • Lëtzebuerger Literaturpräis: Wie sinn d'Favoritten?
    Mir maachen de Point mam Valerija Berdi aus eiser Kulturredaktioun .
    Enn Oktober war d'Shortlëscht publizéiert ginn:
    Kategorie „Literatur“
    „Spawecken“ (Kremart) vum Jemp Schuster
    „Angstvoll und leicht sehnsüchtig“ (Hydre-Verlag) vum Emma Braslavsky, Luc François, Anja Kümmel und Benjamin von Wyl
    „Enfanter une étoile qui danse“ (Hydre-Verlag) vum Amélie Vrla
    „De Léiw gëtt rout“ (Kremart) vum Jean-Paul Maes
    „Toujours jamais“ (éditions guy binsfeld) vum Joseph Kaysers
    Kategorie „Sachbücher“
    „Temps de Trajet. Routes, frontières et heures disparues aus marges du travail au Luxembourg“ (Point Nemo Publishing) von Jessica Lopes
    „,Indésirables‘ aus Übersee. Migrant*innen aus Luxemburg am Anfang des 20. Jahrhunderts“ (capybarabooks) von Julia Harnoncourt
    „Halldór Laxness – En Nobelpräis zu Clierf“ (Editions Phi) von Alexis Werné
    „Vive d’Republik! Republikanismus und Monarchiekritik in Luxemburg: Eine Spurensuche“ (Editions Phi) von Claude Frentz
    „Les Dîners de Gaia. Des mets et des mots italiens au Luxembourg“ (capybarabooks) von Corina Ciocârlie
    Kategorie “Kinderbücher”
    „Betty – Die Geschichte eines jüdischen Mädchens“ (éditions guy binsfeld) von Roland Meyer
    „Allerhand! Frosch & Fant. Wie alles begann. Band 1. Mit Lügen-Bär und Western-Bill“ (FGIL) von Bernd Marcel Gonner mit Illustrationen von Till Charlier
    „D’Sasha an de Flint - Wou ass d’Mila?“ (Editions Schortgen) von Sandra Martins, die bereits mehrfach auf der Shortlist des „Buchpräis“ stand
    „D’Problemsbourse. Är Bourse fir kleng a mëttelgrouss Problemer“ (FGIL) von Lynn Berchem mit Illustrationen von Carlo Schneider
    „A wat dréis du an dengem Rucksak? (Inklusina Asbl)
    6 min
  • Filmtipp: "Minotaure"
    E russesche Geschäftsmann geréit wéinst dem Ukrain-Krich a senger ontreier Fra an d'Labrennten. De russesche Cineast Andrei Zviaguintsev aktualiséiert dem Claude Chabrol säi gëftege Klassiker "La Femme infidèle" vun 1969. Et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotipp.
    3 min
  • Presserevue vun 07:15
    Schwéier Zäite fir Wënzer, Schéissereien zu Déifferdeng an geféierelch E-Scooter, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue
    5 min
  • Grenzmaarken: Zënter 180 Joer hale si un der Grenz Wuecht
    Et ass e wéineg méi en ongewéinlechen Hobby: Grenzmaarke sammelen. De Jos Goergen an d'Natacha Bivort hu rezent e Buch erausbruecht iwwer déi 287 Grenzmaarken tëschent der Belsch a Lëtzebuerg. D'Paule Rodesch huet si zu Uewerpallen begéint. Fir méi iwwer d'Geschicht vun deenen ongewéinleche Markéierunge gewuer ze ginn, awer och fir sech op d'Sich no e puer dovun ze maachen.
    14 min
  • Déi europäesch Sécherheetspolitik muss sech nei orientéieren

    Déi europäesch Sécherheetspolitik muss sech aktuell nei orientéieren. Nei Menacen – virun allem an der digitaler Welt – an nei Technologien, wéi Dronen an d’KI stellen Erausfuerderungen duer, déi et esou virdrun nach ni gouf. Dat an engem Kontext vu schwieregen transatlantesche Relatiounen: D’USA zéie sech aus der gemeinsamer Verteidegungspolitik ëmmer méi zeréck. D’Ulrike Franke, Expertin fir Sécherheets- a Verteidegungspolitik bei der renomméierter Denkfabrik European Council on Foreign Relations zu Paräis, gëtt hir Aschätzungen dozou.

    An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

    8 min
  • Presserevue vun 08:15
    En Alliéierten an der belscher Vignette-Fro, Ruanda als Wonnerléisung an eng FIFA-Kandidatur mat wéineg Chancen: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
    5 min