D'Police geet mat enger neier Campagne eeler Leit geziilt géint Bedruchsversich sensibiliséieren. Den Thierry Fehr aus der Police-Direktioun mat Erklärungen.
D'Associatioun Lëtz Menopause wëllt dofir suergen, datt Fraen an de Wiesseljoren besser Ënnerstëtzt ginn. Mir froen d'Sekretärin vun der Asbl., d'Marthe Schmit, wat dofir muss geschéien.
Zënter 2022 vergëtt de Kulturministère all zwee Joer de "Lëtzebuerger Konschtpräis". En ass mat 10.000 Euro dotéiert an éiert eng Kënschtlerin oder ee Kënschtler fir d‘Liewenswierk, plus d‘Engagement am Beräich vun der plastescher Konscht. No der Berthe Lutgen an dem Marc-Henri Reckinger ass Enn leschter Woch d‘Multimedia-Kënschtlerin Simone Decker mam Lëtzebuerger Konschtpräis ausgezeechent ginn.
D'LSAP-Fraktiounscheffin fënnt, datt d'Regierung misst an de Krisemodus switchen an de Gerson Rodrigues fënnt, datt hien, de Boss, zeréck misst komme fir Goler ze schéissen
Déi éischt Woch vun der Weltklimakonferenz an der Tierkei ass eriwwer. Wou sinn d'Verhandlungen drun? Froen un den David Hoffmann vun der ASTM, deen d'COP sur place suivéiert.
Viru 20 Joer ass d'Gemeng Tandel aus der Fusioun vu Baastenduerf a Furen entstan. Mir froen d'Buergermeeschtesch, ob d'Fusioun haut vu jidderengem als Succès gesi gëtt.
Déi al ARBED-Tierm zu Esch Belval sollen net geschützt ginn, dat stéisst op Kritik an den Zeitungen, déi dem Kulturminister virgeheie, "fahrlässeg" mam Industrieierwen ëmzegoen