Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Wann "Herzschmerz" Realitéit gëtt
    Et gëtt ee Lien tëscht psychesche Krankheeten an Häerzproblemer. Mir schwätzen driwwer mam Rainer Schubmann, Expert an der Psychokardiologie. Hien hält haut eng Konferenz am CHL.
    13 min
  • 40 Joer Cattenom, 40 Joer Protest
    Viru 40 Joer, den 13. November 1986 ass de Reakterblock Nummer eent vu Cattenom un d’Netz gaangen. Trotz ville Protester aus Lëtzebuerg a Frankräich lafen di véier Reakteren och haut nach an eng weider Lafzäitverlängerung ass an der Maach. De Jacques Ganser huet sech di ganz Entwécklung iwwer d’Joren nach eemol fir eis ugekuckt an Témoignagen zesumme gestallt.
    7 min
  • EU-Emissaire fir Russland: Wéi wichteg ass et, datt d'EU sech eens gëtt?
    Wéi soll d’EU um Verhandlungsdësch tëscht Russland an der Ukrain vertruede sinn? A wou sollen d’Suen fir de finanzielle Support fir d’Ukrain hirkommen ? dat sinn zwou Froen, iwwert déi um Freideg zu Dublin diskutéiert gëtt.
    No der Reunioun vu gëschter vu ronn 50 Staats- a Regierungscheffen d'Reunioun vun der sougenannter “Europäescher Politescher Communautéit”, ass haut an der irescher Haptstad een informellen EU-Sommet, mat wéi gewinnt de 27 Staats- a Regierungscheffen aus der Europäescher Unioun.
    Just een Deel vun hinne gouf nieft dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskij gëschter am spéiden Owend nach vun den zwee amerikaneschen Emissairen Witkoff an Kushner doriwwer gebrieft, wat bei hirer Entrevue zu Moskau mam russesche President erauskoum.
    Wéi eng Konsequenzen ginn doraus gezunn? Explikatiounen vun Dublin, vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber .
    7 min
  • Diabetes: "Eng Krankheet, déi ëmmer präsent ass"
    Zu Lëtzebuerg liewe méi wéi 35.000 Leit am Alter tëschent 20 an 79 Joer mat Diabetes. Dës Zuel geet aus dem Observatoire national de la santé ervir. Fënnef bis 10 Prozent vun hinnen hunn Diabetes Typ 1, wou de Kierper net oder kaum à même ass, Insulin ze produzéieren - dat liewenswichtegt Hormon mussen d’Patienten also selwer zou sech huelen, entweder iwwer Piqûren oder eng Insulinpompel.
    6 min
  • Presserevue vu 07:15
    E Portrait vum Paul Galles, keen interessi fir d'Logemenstkriis an e schéine, neie Logo, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
    5 min
  • Postkaart aus Istanbul: Iwwerliewen
    De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou alles immens deier ginn ass, och fir d’Touristen, mee virun allem fir d’Tierke selwer. Munchereen wunnt illegal an engem ale, baufällegen Holzhaus. Mee och déi mat engem Job, wëssen deelweis net wéi se iwwer d’Ronne komme sollen.
    7 min