Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Moiesstudio episodes

  • Um Mëtternuecht ass et esouwäit: GTA 6 kënnt eraus
    Mam neie Grand Theft Auto féiert Rockstar Games d'Spiller zeréck op Vice City. Am fiktive Bundesstaat Leonida erwaarden eis eng méi lieweg Spillwelt, nei technesch Méiglechkeeten an eng Geschicht ronderëm den Jason an d'Lucia. De Pierre Bellion kuckt, wat GTA 6 ze bidden huet an ob Rockstar de groussen Erwaardunge gerecht ka ginn.
    5 min
  • Nei Musek zu Lëtzebuerg an um Opus
    Dës Woch ass gepräägt vu vill Beweegung an der Musekswelt. Am Beräich vun der “neier” Musek ginn et nämlech dräi grouss Evenementer, déi och um Opus thematiséiert goufen:
    Den Ensembel “United Instruments of Lucilin”, deen op zäitgenëssesch Musek spezialiséiert ass, huet no 27 Joer säin eegene Label gegrënnt.
    Haut um 18. November ass de klenge Festival “Odo sonoritas” zu Stolzebuerg. E Festival, dee Gregorianik an zäitgenëssesch Musek matenee verbënnt.
    Vum 17. bis den 22. November ass an der Philharmonie de “Rainy Days Festival”, op deem zäitgenëssesch Musek am Fokus steet. Muer (19.11.) iwwerdréit den Opus live e Concert um 19h30, dee gläichzäiteg an dräi däitsche Sendegebitter ausgestraalt gëtt.
    De kompletten Detail verréit de Christophe Mirkes.
    6 min
  • Presserevue vu 07:15
    Logementskris a keen Enn, Debatt ëm Iessensstongen a GTA 6 an de Startlächer: Dat sinn eis Theemen an der Presserevue
    5 min
  • De CGDIS presentéiert zéng nei SAMU-Gefierer
    Déi zéng Autoen, déi enger Camionnette änelen, ersetzen zéng al Autoe vum Typ SUV. D'Autoe ginn awer net einfach remplacéiert. Déi nei Asazween si méi grouss a bidden deemno och méi Plaz fir medezinescht Equipement. D’Asaz-Camionnette sinn elo och standardiséiert. Dat heescht, datt de Rucksak, d’Beootmungsgerät oder den Defibrillator an allen de Gefier op der selwechter Plaz sinn.
    5 min
  • Presserevue vun 08:15
    D'Resultater vun der Fussballnationalekipp an de Sträit ëm den neien Diddelenger Gemengelogo sinn haut zwee vun den Theemen.
    4 min