Déi gutt Mod

#16 D'Rush Hour vum Liewen


Listen Later

Mir hu rëm näischt geschafft, dës Kéier well de Poopst do war an d’Erkältungen ausgebrach sinn. Firwat mir d’Visite vum Poopst kritesch gesinn a wat am Kapp vu Chef*inne virgeet wa si net an Héichform sinn erziele mer iech an dësem Episod. Ausserdeem schwätze mer iwwer Ausnamesituatioune a wéi ënnerschiddlech d’Melody an d’Lynn mat ongeplangte Momenter ëmginn. An zum Schluss ass et un iech: Äre Feedback zu der leschter Episod zum Sujet “Belaaschtbarkeet”.

An der zweeter Staffel wäerte mir ëmmer erëm eng gutt Mod am Podcast op Besuch hunn. Du bass eng oder du kenns eng? Schéck eis deng Proposen op [email protected], ob [email protected] oder iwwer Privatmessage ob Instagram. Mir freeën eis op dech.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Déi gutt ModBy Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal