De 26. Juni 2005 war en éischte Concert an der Philharmonie, zënterhier ass d'Weltelite aus der Klassik am Concertssall um Kierchbierg passéiert. De Generaldirekter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher huet vill Grënn fir zefridden an houfreg ze sinn.