Déi gutt Mod

#28 Liichtegkeet & non-lineare Beruffswee (feat. Sara Kaiser)


Listen Later

Liichtegkeet, wat bedeit dat eigentlech? Ass dat eppes, dat ee vu klengem u mat op de Wee kritt, oder kann een dat och nach spéider am Liewe léieren? Mir schwätzen iwwert dës Situatiounen, bei deene mir eis nach virun e puer Joer an de Buedem geschummt hätten a wou mir haut ganz entspaant soen: „Ma dann ass dat eben esou.“

Wéini iwwerhëlt een eng Aufgab aus wierklecher Responsabilitéit eraus, a wéini mécht een et just, well ee sech soss schëlleg géif fillen se net ze maachen? Wéini ass et just e Pflichtgefill?

Mir hu rëm Besuch: D’Sara Kaiser. D’Sara huet d’Luxembourg Tech School mat opgebaut, erzielt eis vu sengem ongewéinleche Wee vun der Finanzen an de Kultursecteur, bis hin zum Opbau vun enger innovativer Schoul fir Jonker an der Tech-Welt a beweist, dass eng Karriär net ëmmer linear muss sinn. Mir schwätzen iwwert finanziell Sécherheet an aner Ängscht déi opkomme wann een iwwert e Beruffswiessel nodenkt an et ginn e puer Tipps, wéi ee sech op sou e Changement preparéiere kann.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Déi gutt ModBy Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal