Vun no der Péngschtvakanz u muss eng physesch Distanz tëschent Handy a Schüler:in am Cours garantéiert sinn. Iwwer déi genee Ëmsetzung a weider méi restriktiv Mesurë kënnen d’Lycéeë selwer decidéieren. Et ginn 3 verschidden Niveauen: Vun enger physescher Distanz tëschent Handy a Schüler:in am Cours bis zu engem ganzdaags Handyverbuet an der Enceinte vum Lycée.
Wéi deen Handyverbuet an de verschiddene Gebaier hei am Land ëmgesat gëtt a wat d‘Schüler:innen dovunner halen huet d’Sté Bisenius an de Lycéeën nogefrot.