De Rock am Ring - e vun de bekanntste Museksfestivallen an Europa - feiert dëse Weekend säi 40. Gebuertsdag. Déi meeschte Fans si schonn ugereest, Haut (6.6.) geet et lass. Bis zu 90.000 Visiteure gi bis e Sonndeg an der Eifel beim Nürburgring erwaart, d’Kaarte ware séier ausverkaaft. Zanter 1985 zitt de Rock-am-Ring-Festival, knapp 100 Kilometer vun hei, och vill Lëtzebuerger un. D’Tienchen an de Spiros Simos ware bal 30 Joer laang trei Rock-am-Ring-Fans an hu gesinn, wéi de Festival sech iwwer d’Joren entwéckelt huet.