Haut um Donneschdeg (13.2.) fänkt déi 75. Berlinale un. A wéi wa Lëtzebuerg wéilt matfeieren, datt et de Berliner Filmfestival elo schonn een 3/4-Joerhonnert gëtt, sinn dëst Joer rekordverdächteg vill - also ganzer sechs - Lëtzebuerger Koproduktiounen um Start. De Jeff Schinker ass gëschter Owend no enger sportlecher a virun allem endloser Zuchfaart mat der DB dann och iergendwann zu Berlin ukomm - a gëtt eis en éischten Abléck an de Festival.