Still loading...

#7 - "d'Liewen ass e Puzzel" mam Amii Watson


Listen Later

Weniger labern mehr machen, ganz no deem Motto huet d'Amii Watson a sengem Liewe scho ganz vill ausprobéiert: vu Fashion-Blog bis eng eege Kleedermark, vu Grafikdesign bis YouTube-Channel. Do huet hatt aktuell iwwer 800.000 Subscribers mam Projet Flavour Trip, deen et zesumme mat sengem Frënd dem Jimmy, lancéiert huet. Firwat grad dësen, vun allen hiren Iddien, esou gutt funktionéiert erkläert hatt an dëser Episod.

A wien elo mengt dat heite gëtt eng Episod iwwer eng réng Success-story, deen huet sech geiert: D'Cheryl an d'Laure kucke mam Amii zesummen hannert de Prozess, an deem esou vill méi stécht wéi just Follower-Zuelen. En éierlecht Gespréich iwwer de Wonsch no engem kreative Liewe mat all senge Vir- an Nodeeler an iwwer e Wee deen net ëmmer sou gelaf ass wéi een (oder anerer am Ëmfeld) sech dat virgestallt hunn.

A propos et leeft net ëmmer alles wéi geplangt: déi lescht 10 Minutte vun der Episod ass eis Kamera ausgefall. Dofir entschëllege mir eis, a fir de Recht wënsche mir vill Spaass beim Lauschteren a Kucken.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Still loading...By komma