Eng Balance am Liewen ze fannen ass net einfach, dat wëssen net just d’Cheryl an d’Laure, mee och hir Invitée Claire Asselborn. Haut ass d’Claire 26, Bodybuilderin, Coach an Dog mom. Fréier hätt d’Claire sech awer warscheinlech anescht definéiert - oder op alle Fall duerch aner Saachen, respektiv Extremer.
D’Cheryl an d’Laure wëlle wëssen: Ass Bodybuilding net och nees en Extrem? Firwat ass d’Claire net méi Plant-based? A wat ass bei him am Liewen nach still loading...?
Eng Episod iwwer Perfektionismus, Sport, Ernärung an dem permanente Verglach - awer och doriwwer, wéi een de Schalter bei sech selwer muss fannen, fir aus ale Muster auszebriechen.
⚠️ Triggerwarnung: An dëser Episod ginn Theme wéi Iessstéierungen an e gestéiert Kierperbild behandelt. Wann s du dech domat schwéier dees, skip dës Episod léiwer a lauschter eng vun eisen Aneren. Wann s du Problemer mam Iessen oder mat dengem Kierperbild hues, schwätz mat enger Persoun vun dengem Vertrauen an / oder sich dir professionell Hëllef.
Disclaimer: An dëser Episod schwätze mir vill aus eegener Erfarung / Perspektiv. Net alles wat gesot gëtt ass eng allgemeng gülteg Ausso oder trëfft op jiddereen zou.