D’Gewerkschafte sinn alles anescht ewéi begeeschtert vun de Pisten, déi de Premier d’lescht Woch genannt huet fir de Pensiounssystem ze reforméieren. OGBL an LCGB wëllen haut däitlech maachen, datt si am Gaang sinn hir Memberen ze mobiliséiere fir op d’Strooss ze goen. Déi zwou Gewerkschaften zéien dofir mat engem Auto-Cortège duerch de Süde vum Land.