Am Kader vun der « semaine de la santé mentale » déi vum 10. bis den 16. Oktober war, hu mir eis zu 4 zesumme gesat an eis Meenung an deelweis perséinlech Erfarungen mateneen gedeelt an eis zu verschiddenen Stigmen geäussert. Mental Gesondheet soll scho längst keen Tabuthema méi sinn. Wann s och du betraff bass, fënns du hei e puer Internetsitten oder Nummeren, wou s du dech kanns mëllen oder un ee wenden fir gehollef ze kréien:
- Service psycho-social et d’accompagnement scolaires (SePAS): huet all Lycée, wou een einfach higoe kann oder um offiziellen Internetsitt d’Kontaktdaten fënnt (fir den ALR: [email protected])
- Conseils psychologiques et soutien familial (Helpline): 8002 9393 - [email protected]
- Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS): [email protected]
- Office nationale de l’enfance (ONE): [email protected]
- Kanner-Jugend-Telefon (KJT): 116 111 - www.kjt.lu