And One - De Basketpodcast

And One - De Basketpodcast

By Luxemburger WortSportsBasketball
Download on the App Store

And One - De Basketpodcast episodes

  • #11 - Magaly Meynadier
    An der eelefter Folleg vun "And One - de Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Magaly Meynadier. D'Nationalspillerin ass säit dëser Saison nees zu Saarlouis, wou d'Profikarriär viru fënnef Joer ugefaangen huet. Am Podcast geet et ënnert anerem em d'Zäit an der Arméi an de Sprong an d'Ausland. Ausserdeem verréit d'Basketspillerin, wisou se dës Saison misst emotional iwwersetzen a wien an der Nationalequipe déi beschte Sängerin war.
    40 min
  • #10 - Thomas Grün
    An der zéngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Nationalspiller Thomas Grün am Studio. De 26 Joer ale Profi vun Tréier erzielt, wéi et fir hie war, sou fréi an d'Ausland ze goen a wisou en haut manner Drock huet. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng perséinlech Zukunft an déi vun der Nationalequipe.
    44 min
  • #9 - Georges Berna

    An der néngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Georges Berna. De President vum Racing erzielt, woufir him d'Verständnis feelt, mat wéi enge Probleemer säi Veräin ze kämpfen huet a wéi et fir hie perséinlech weidergeet.

    46 min
  • #8 - Cathy Donckel a Joe Greisch
    An der aachter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn d'Arbittesch Cathy Donckel an den Arbitter Joe Greisch zu Gaascht. Am Gespréich geet et em si perséinlech, awer och em Virurteeler, Challengen, mat deenen ee konfrontéiert gëtt an d'Rekrutéierung vu jonken Arbitteren.
    51 min
  • #7 - Derek a Malik Wilson
    An der siwenter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn zwee Bridder zu Gaascht. Den Derek an de Malik Wilson kommen aus enger richteger Basketsfamill. Kee Wonner also, dass d'Jonge vun engem Ex-Profi hei am Land um héchsten Niveau spillen. Am Podcast schwätzen déi zwee Arantia-Spiller iwwer d'Integratioun vun Amerikaner, déi beschte Bridderduoen aus der LBBL an hir Relatioun zu Ettelbréck.
    41 min
  • #5 - Ken Diederich

    An der fënnefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" erzielt de Ken Diederich, wat seng Pläng nom Meeschtertitel mam T71 sinn. Ausserdeem schwätzt de Nationaltrainer an der leschter Episode vun der Saison iwwer d'Problemer vum Lëtzebuerger Basket. De Coach verréit och, wat hie senge Spiller schnell ofgewinnt.

    42 min
  • #4 - Jairo Delgado

    An der véierter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Jairo Delgado am Studio. Nom Aus géint Basket Esch an der Halleffinall vum Championnat ass dem Ettelbrécker seng Karriär eriwwer. Am Podcast erzielt de laangjäregen Nationalspiller, wat hien dës Saison am meeschte genervt huet. Ausserdeem schwätzt de 35-Järegen iwwert seng Roll als Politiker, Rassismus an d'Bezéiung mat enger Ex-Basketspillerin.

    45 min
  • #3 - Catherine Mreches

    An der drëtter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mat enger vun de beschte Basketspillerinnen aus dem Land. D'Catherine Mreches huet sech mat T71 an der Finall vum Dammechampionnat géint d'Résidence duerchgesat. Am Podcast erzielt d'Nationalspillerin, wéi den Dag vum Titelgewënn war. Ausserdeem geet et ëm dem Catherine Mreches säi Beruffswonsch an e Choix, dee misst fréi getraff ginn.

    43 min
  • #2 - Ben Kovac
    An der zweeter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass de Ben Kovac zu Gaascht. De jonke Profi verstäerkt Basket Esch bis zum Schluss vun der Saison. Am Podcast schwätzt de Nationalspiller iwwert den Doud vu senger Mamm, d'Zäit an der Arméi an d'Liewen als Profi. Ausserdeem verréit hien, wéi et em seng Zukunft steet.
    43 min

About And One - De Basketpodcast

From the publisher's feed

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.