Den Trompettist Felice Civitareale huet mat Pop- an Jazz-Gréisste wéi Roberto Blanco, Falco oder Max Greger zesummegespillt a war iwwer 20 Joer laang Member vun der SWR Big Band. Gebierteg ass hie vun Déifferdeng. An den Achtzeger Joren huet hien de Sprong an d'Ausland gewot a gepackt. Zesumme mam Paule Rodesch huet hien op seng Karriär zeréckgekuckt.