Fënster Op

Australien


Listen Later

Australie läit op där anerer Säit vun der Welt, ee vun den éischte Länner, an deem dat neit Joer begréisst gëtt. Staatschef ass de Kinnek Charles III., an am Land liewen ongeféier 26 Milliounen Awunner:innen, virun allem an de Küstestied. Déi riseg bannenzeg Géigenden, den Outback, sinn haaptsächlech dréchen a wéineg besidelt.
Eng zentral Roll an der Kultur spillen d’Aborigines, déi schonn zënter op d’mannst 60.000 Joer um Kontinent liewen a domat eng vun den eelste kontinuéierleche Kulturen op der Welt hunn. Am Sport ass Australie virun allem am Rugby (Rugby League a Rugby Union) an am Cricket staark vertrueden. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Danielle Edwards, der Maya Joshi an dem Darren Shipard.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Fënster OpBy radio 100,7