Fënster Op

Fënster Op

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Fënster Op episodes

  • Aruba
    Aruba ass eng kleng Insel an der südlecher Karibik, eng vun den ABC-Inselen, bekannt fir hir wäiss Plagen, türkiist Waasser, vill Sonn, an den Divi-Divi-Bam. Si gehéiert zum hollännesche Kinnekräich an huet duerch hir Geschicht eng ganz eegen, kulturell divers Identitéit entwéckelt. Dat weist sech och an de Sproochen: Nieft Hollännesch gëtt virun allem Papiamento geschwat, eng Sprooch, an där sech verschidde kulturell Aflëss erëmfannen.
    Dës kulturell Villfalt spigelt sech och an der Musek, am Danz, am Iessen a besonnesch am faarwege Karneval erëm.
    De Cédric Reichel am Gespréich mat der Marlène Kaell Oduber an dem Dennis Kaell.
    53 min
  • Mauritius
    Mauritius ass en Inselstaat am Indeschen Ozean mat 1,3 Milliounen Awunner:innen op 2103 km². D’Land huet eng erstaunlech kulturell Diversitéit. Hei treffen afrikanesch, indesch, europäesch a chineesesch Aflëss openeen. Dat spigelt sech an de Sproochen, an de Reliounen, an der Musek – a virun allem och an der Kichen erëm.
    D’Insel war hollännesch, franséisch a brittesch Kolonie. Zenter 1968 ass Mauritius eng onofhängeg Republik.
    De Cédric Reichel am Gespréich mat der Raginee Poloogadoo, Vianee Bastalingum an de Johel Blanchard.
    53 min
  • Mexiko - 2
    Mexiko war eent vun de dräi Ausdroungslänner vun der Fussballweltmeeschterschaft 2026. Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschsproocheg Communautéit op der Welt. Touristesch interessant ass d’Land fir seng Iwwerreschter vun der Azteken- a Mayakultur a seng Plagen. D’Iesskultur ass immens räich an huet méi ze bidde wéi nëmme Guacamole, Tacos an Enchiladas an och wat d’Gedrénks ugeet, kritt een do sécher och méi wéi nëmmen Tequila oder Mezcal. A wéi eng Bedeitung huet den Día de los Muertos fir si? De Cédric Reichel am Gespréich mat der Leny Gruber, der Susana Galavíz an dem Sergio Luna.
    0 min
  • Montserrat
    Montserrat ass eng kleng Vulkaninsel an de Klengen Antillen an der Karibik. Si läit südwestlech vun Antigua an nordwestlech vu Guadeloupe an ass mat enger Fläch vun nëmme ronn 100 Quadratkilometer ee vun de klengste britteschen Iwwerséigebidder. Haut liewen do nach ongeféier 5.000 Mënschen.
    Montserrat gëtt dacks als “The Emerald Isle of the Caribbean“ bezeechent. Dat kënnt net nëmme vun der aussergewéinlech grénger Vegetatioun, mee och vun der staarker irescher Prägung. Schonn am 17. Joerhonnert hu sech vill iresch Siidler op der Insel niddergelooss. Bis haut gëtt de St. Patrick's Day op Montserrat gefeiert – eng Eenzegaartegkeet an der Karibik. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Arlette Fenton an der Ingrid Baumann Ostermaier.
    0 min
  • Trinidad an Tobago
    Dës Kéier geet et an d’Karibik, op d’Inselrepublik Trinidad an Tobago. Déi zwou Haaptinselen, nëmmen 11 Kilometer virun der Küst vu Venezuela, ziele ronn 1,5 Milliounen Awunner. D’Haaptstad ass Port of Spain, déi gréisste Stad ass awer Chaguanas.
    D’Land ass bekannt fir seng aussergewéinlech kulturell Diversitéit: afrikanesch, indesch, europäesch an aner Aflëss prägen d’Gesellschaft, d’Reliounen, d’Kichen an d’Musek. Trinidad an Tobago gëllt als Gebuertsplaz vu Calypso, Soca an der Steelpan. Säi Karneval zielt zu de spektakuläersten op der Welt. Nieft senger räicher Kultur begeeschtert d’Land och mat tropescher Natur, Reebëscher, Mangroven a Koralleriffer.
    0 min
  • Senegal
    De Senegal läit a Westafrika um Atlantik, gëtt bal komplett vu Mauretanien, Mali, Guinea a Guinea-Bissau ëmginn an ëmschléisst de klengen Noper Gambia wéi eng Insel am Land. D'Haaptstad Dakar läit op enger Hallefinsel a gëllt als eng vun de wichtegste kulturellen a wirtschaftleche Metropole vum afrikanesche Kontinent.
    Nieft dem Franséischen als Amtssprooch ass virun allem Wolof am Alldag present. Kulinaresch ass dëst Land fir vill Leit d'Heemecht vun der Thieboudienne, engem Räisplat mat Fësch, dat als Nationalplat gëllt an zanter 2021 souguer als immateriellt Kulturierwe vun der UNESCO unerkannt ass.
    De Cédric Reichel am Gespréich mat der Coumba Fall, dem Laurent Tall an dem Jean Dib Ndour.
    53 min
  • Nationalfeierdag-Spezial 2
    Nationalfeierdag gëtt hei zu Lëtzebuerg grouss gefeiert, och schonn um Owend virdrun. Mee wéi ass et an anere Länner, gëtt do och Nationalfeierdag gefeiert? Oder sinn et do aner Deeg, déi am Vierdergrond stinn, a firwat? An natierlech och ganz wichteg, wéi ginn déi Deeg do gefeiert a wéi ënnerscheet sech dat zu Lëtzebuerg?
    Mir maachen eng Rees uechtert Welt a kucken op verschidde Länner, wéi den Uganda, Nordmazedonien, Libanon, Kuba, Südafrika a nach vill, vill méi.
    0 min
  • Albanien
    Albanie läit am Balkan un der Adria an um Ionesche Mier a grenzt u Montenegro, de Kosovo, Nordmazedonien a Griichenland. Laang Zäit war d’Land bal komplett vun der Welt ofgeschnidden, ënner enger kommunistescher Diktatur, déi méi wéi 40 Joer gedauert huet. Haut ass Albanien och bekannt fir säi räiche kulturelle Patrimoine: d’UNESCO huet net nëmmen d’historesch Stied Berat a Gjirokastër als Weltkulturierwe klasséiert, mee och eng ganz speziell Form vu Musek: d’albanesch Iso-Polyphonie – ee méi-stëmmege Gesank aus dem Süde vum Land – steet zanter 2005 op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen. Och zu Lëtzebuerg lieft eng grouss albanesch Communautéit, déi hir Sprooch, hir Musek an hir Traditioune mat an eisen Alldag bréngt. De Cédric Reichel am Gespréich mam Gerald Neziri, mat der Merita Islami, der Erisa Daci an der Jehona Konja.
    50 min
  • Kuba
    Kuba ass déi gréissten Insel an der Karibik. E Land mat kolonialer Geschicht, Revolutioun, Zigaren, Rum a weltbekannter Musek. Kuba läit tëschent dem Golf vu Mexiko an dem Atlantik an huet eng ganz speziell politesch a kulturell Identitéit entwéckelt. Trotz wirtschaftleche Schwieregkeeten an Emigratioun bleift d’Land fir vill Leit e Symbol vu Resistenz, Nostalgie a Liewensfreed. Vum Havana Jazz bis zur Salsa, vu Che Guevara bis zu alen amerikaneschen Autoen: mee stëmmen all dës Klischeeën? De Cédric Reichel am Gespréich mat der Vivian Suarez, der Naomi Suarez, der Carmen Suarez an der Ilen Ramos.
    55 min
  • Bulgarien
    Bulgarie läit um Balkan, tëscht Rumänien, Serbien, Nordmazedonien, Griicheland an der Tierkei. D’Land um Schwaarze Mier verbënnt osteuropäesch, slawesch an orientalesch Aflëss a kann op eng laang a komplex Geschicht zeréckblécken. Mat eiser Rees entdecke mir net nëmmen d’Haaptstad Sofia, mee och Plaze wéi Plovdiv oder d’Küst um Schwaarze Mier.
    Mir schwätzen iwwer Traditiounen, orthodox Kultur, Musek a Folklore, mee och iwwer d’Liewen tëscht Vergaangenheet a moderner europäescher Gesellschaft. Natierlech dierf och déi bulgaresch Kichen net feelen – vu Shopska Zalot iwwer Banitsa bis bei de Rakija. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Ivelin Mičev, Antoniya Argirova, Katrin Djaber, Sophia Stoilova.
    0 min

About Fënster Op

From the publisher's feed

Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.