Fënster Op

Fënster Op

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Fënster Op episodes

  • Guinea-Bissau
    Guinea-Bissau läit a Westafrika, un der Atlantikküst, tëscht Senegal a Guinea. Mat ronn 2,2 Milliounen Awunner:innen ass d'Land ongeféier esou grouss wéi d'Belsch. No enger laanger portugisescher Kolonialzäit huet Guinea-Bissau 1973 seng Onofhängegkeet ausgeruff, déi 1974 offiziell unerkannt gouf.
    D'Land ass gepräägt vun enger grousser kultureller Villfalt. Nieft Portugisesch gëtt am Alldag virun allem Kriolu geschwat. Eng wichteg Roll an der Wirtschaft spillen d'Cashewnëss. Bekannt ass Guinea-Bissau och fir den Archipel vun de Bijagós mat senge ronn 88 Inselen, senger eenzegaarteger Natur a sengen Traditiounen. An och musikalesch huet d'Land vill ze bidden: zum Beispill de Gumbe. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Mário Tomaz Uco an der Antónia Afonso Gomes.
    Musek:
    Rui Sangara – Credifone
    Tabanka Djaz - Nó Fiança
    56 min
  • Südtiroul
    Südtiroul läit am Norde vun Italien, mä ass eng Regioun, déi kulturell éischter éisträichesch wéi italieenesch wierkt an duerch déi beandrockend Dolomiten bekannt ass. Bis zum Enn vum Éischte Weltkrich huet Südtiroul zu Éisträich-Ungarn gehéiert, éier et 1919 Italien zougeschloe gouf – eng Geschicht, déi d'Identitéit vun de Mënschen do bis haut präägt. Haut liewen hei dräi Sproochegemeinschaften zesummen: déi däitsch-, italieenesch- a ladineschsproocheg Bevëlkerung. No laange Konflikter huet Südtiroul 1972 eng wäitreechend Autonomie kritt, déi d'Zesummeliewen an de Schutz vun de verschiddene Kulture reegelt. Wéi ass et als Südtirouler:in zu Lëtzebuerg a wat mécht des Regioun esou besonnesch? De Cédric Reichel am Gespréich mat derJohanna Tschurtschenthaler, dem Dr. Martin Kofler, der Stephanie Sorvillo an dem Antonio Dellagiacoma.
    Musek:
    Ganes - dlijia vedla
    Max von Milland - Dahoam (Wo es seids)
    54 min
  • DDR
    Haut maache mir d'Fënster op e Land, dat et haut net méi gëtt: d'Däitsch Demokratesch Republik, kuerz DDR. Vun 1949 bis 1990 war d'DDR e sozialistesche Staat am Oste vun Däitschland, getrennt vun der Bundesrepublik am Westen. Fir bal 41 Joer war d'Liewe vun de Mënschen do vun engem anere politesche System gepräägt. D'Berliner Mauer gouf zum Symbol vun enger gedeelter Natioun an enger Welt, déi duerch de Kale Krich auserneegerappt war. 1989 ass d'Mauer gefall, an den 3. Oktober 1990 gouf Däitschland nees vereenegt. Mee wat geschitt mat enger Kultur, mat Erënnerungen an Identitéit, wann de Staat, an deem een opgewuess ass, op eemol net méi existéiert? Wéi war den Alldag an der DDR? Wat huet d'Mënsche gepräägt? A wéi kucken si haut, Joerzéngte méi spéit, op déi Zäit zeréck? De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Friedemann Zippel, dem Peter Marcus an dem Ullrich Knolle.
    Musek:
    Silly - S.O.S.
    Pionierlieder - Mein Bruder ist Soldat
    54 min
  • Estland

    Estland läit un der Ostsäit vum Baltesche Mier a grenzt u Lettland a Russland, wärend Finnland nëmmen eng 80 Kilometer iwwer de Golf vu Finnland ewech läit. D'Land mat ronn 1,36 Milliounen Awunner ass bekannt fir déi mëttelalterlech Alstad vun Tallinn, seng grouss Bëscher, Dausende vun Inselen an eng enk Verbindung mat der Natur. D'estnesch Sprooch ass mam Finnesche verwannt, an Estland gëllt als Pionéierland an der Digitaliséierung, mat Onlinewalen zanter 2005. Och d'Kultur spillt eng wichteg Roll: Dat traditionellt Lidd- an Danzfest bréngt Dausende vu Mënschen zesummen a symboliséiert d'national Identitéit. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Tiina Laan Dondelinger, dem Tanel Saari an der Ave Cleesen Schmidt. Musek: Duo Ruut - Tuule Sõnad nublu feat. TIEF CITY 44 – lainte laul SADU – Igavene

    52 min
  • Costa Rica
    Mir reesen a Costa Rica, e Land a Zentralamerika tëschent der Karibik an dem Pazifik mat enger beandrockender Natur mat Vulkaner, Reebëscher an enger aussergewéinlecher Biodiversitéit. Mir schwätzen iwwer d’Besonneschkeete vum Land, dat zanter 1948 keng Arméi méi huet. Och déi costa-ricanesch Kichen, mat Platen ewéi Gallo Pinto, an d’Liewensphilosophie „Pura Vida“ kommen net ze kuerz. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Lizzy Soto, der Melissa Guzman an dem Santiago Rubí.
    51 min
  • Serbien
    D’Republik Serbie gëtt et an dëser Form zënter 2006. Serbie läit am d’Häerz vum Balkan, mat senger Haaptstad Belgrad, déi um Zesummefloss vun der Donau an der Save läit. D’Land huet eng räich Geschicht a Kultur, déi vu verschiddenen Zivilisatiounen an der serbesch-orthodoxer Traditioun gepräägt goufen. Traditioune wéi d’Slava, den traditionelle Kolo-Danz an eng Kiche mat Spezialitéite wéi Ćevapčići, Pljeskavica a Rakija gehéieren zum kulturelle Patrimoine. Mee Serbien huet och eng schwiereg Vergaangenheet: d’Jugoslawiekricher an den 1990er Joren, de Kosovo-Konflikt an d’NATO-Bombardementer vun 1999 hunn déif Spueren hannerlooss. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Jovan Fodor, der Marija Bjeković-Obradović an der Marija Petrović.
    53 min
  • Aruba
    Aruba ass eng kleng Insel an der südlecher Karibik, eng vun den ABC-Inselen, bekannt fir hir wäiss Plagen, türkiist Waasser, vill Sonn, an den Divi-Divi-Bam. Si gehéiert zum hollännesche Kinnekräich an huet duerch hir Geschicht eng ganz eegen, kulturell divers Identitéit entwéckelt. Dat weist sech och an de Sproochen: Nieft Hollännesch gëtt virun allem Papiamento geschwat, eng Sprooch, an där sech verschidde kulturell Aflëss erëmfannen.
    Dës kulturell Villfalt spigelt sech och an der Musek, am Danz, am Iessen a besonnesch am faarwege Karneval erëm.
    De Cédric Reichel am Gespréich mat der Marlène Kaell Oduber an dem Dennis Kaell.
    53 min
  • Mauritius
    Mauritius ass en Inselstaat am Indeschen Ozean mat 1,3 Milliounen Awunner:innen op 2103 km². D’Land huet eng erstaunlech kulturell Diversitéit. Hei treffen afrikanesch, indesch, europäesch a chineesesch Aflëss openeen. Dat spigelt sech an de Sproochen, an de Reliounen, an der Musek – a virun allem och an der Kichen erëm.
    D’Insel war hollännesch, franséisch a brittesch Kolonie. Zenter 1968 ass Mauritius eng onofhängeg Republik.
    De Cédric Reichel am Gespréich mat der Raginee Poloogadoo, Vianee Bastalingum an de Johel Blanchard.
    53 min
  • Mexiko - 2
    Mexiko war eent vun de dräi Ausdroungslänner vun der Fussballweltmeeschterschaft 2026. Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschsproocheg Communautéit op der Welt. Touristesch interessant ass d’Land fir seng Iwwerreschter vun der Azteken- a Mayakultur a seng Plagen. D’Iesskultur ass immens räich an huet méi ze bidde wéi nëmme Guacamole, Tacos an Enchiladas an och wat d’Gedrénks ugeet, kritt een do sécher och méi wéi nëmmen Tequila oder Mezcal. A wéi eng Bedeitung huet den Día de los Muertos fir si? De Cédric Reichel am Gespréich mat der Leny Gruber, der Susana Galavíz an dem Sergio Luna.
    50 min
  • Montserrat
    Montserrat ass eng kleng Vulkaninsel an de Klengen Antillen an der Karibik. Si läit südwestlech vun Antigua an nordwestlech vu Guadeloupe an ass mat enger Fläch vun nëmme ronn 100 Quadratkilometer ee vun de klengste britteschen Iwwerséigebidder. Haut liewen do nach ongeféier 5.000 Mënschen.
    Montserrat gëtt dacks als “The Emerald Isle of the Caribbean“ bezeechent. Dat kënnt net nëmme vun der aussergewéinlech grénger Vegetatioun, mee och vun der staarker irescher Prägung. Schonn am 17. Joerhonnert hu sech vill iresch Siidler op der Insel niddergelooss. Bis haut gëtt de St. Patrick's Day op Montserrat gefeiert – eng Eenzegaartegkeet an der Karibik. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Arlette Fenton an der Ingrid Baumann Ostermaier.
    50 min