Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Motor World zu Köln, 03/12/2020
    An elo geet et mam Automag op Köln. An d‘Motor World fir genee ze sinn. An déi leit um ale Flughafen Butzweiler Hof.    De Christian Schmit war dohi kucken, wou e Mobilitéit an hirer ganzer Villsäitegkeet erliewe kann. 
    0 min
  • Automag: Citroën C5 Aircross Hybrid, 30/11/2020
    Och Citroën setzt bei den SUV op den Hybrid-Undriff fir Verbrauch an CO2 kleng ze halen. Allerdéngs soll esou och d’Elektromobilitéit an deem beléifte Segment agefouert ginn. Elo gouf den C5 Aircross als Hybrid virgestallt an de Paul Origer ass e fir eis gefuer. 
    0 min
  • Automag: Toyota Hilux, 26/11/2020
    Net just kleng Kanner spille gären am Bulli, mee och d'Automag Equipe. Spaass mécht dat awer eréischt mat engem richtegen Offroader. Genee esou een ass den Toyota Hilux. Den Akim Schmit huet sech de Kult-Pickup ugekuckt a knaschteg gemaach.
    0 min
  • Skoda Octavia TDI, 19/11/2020
    Am Automag si mir haut mat engem Skoda ënnerwee. Déi neisten Oplag vum Modell octavia. Wéi gutt dee wuel ofschneit verréit eis de Christian Schmit, deen hannert dem Volant Plaz geholl hat. 
    0 min
  • Automag: Citroën C3 Facelift, 16/11/2020
    De franséische Polo-Konkurrent ass de Bestseller an der Citroën-Gamme. A fir dat dëst esou bleift, gouf den C3 opgefrëscht. Wat ass alles nei a wéi fiert en sech? De Paul Origer huet dat fir eis bei der Presentatioun an der Belsch erausfonnt.
    0 min
  • Automag: Peugeot 208-e, 09/11/2020
    Am Automag vun haut komme mer op en Auto ze schwätzen, deen de Christian Schmit am Abrëll schonn emol als Bensinner teste konnt. Elo war et dann um Andy Brücker fir d'Elektro-Versioun méi genee ënnert d'Lupp ze huelen. 
    0 min
  • Automag: Peugeot 508 SW Hybrid, 02/11/2020
    Haut fuere mir an engem Hybrid Modell. Jo déi di schonn en A op d’Elektromobilitéit geheien, mee net ganz op en Elektro Auto wëllen ëmklammen. Déi decidéiere sech gäre fir de Moteur mat der Kraaft vun den 2 Häerzer. Esou wéi de fuschneie Peugeot 508 SW Hybrid mat deem de Christian Schmit ënnerwee war. 
    0 min
  • Automag: Volvo XC40 T5 Recharge, 29/10/2020
    SUV’s hunn net dee beschten ökologesche Ruff; se si grouss, héich, schwéier an duuschtreg. Fir net mussen op den Diesel zeréckzegräifen setzen elo ëmmer méi Marken op d’Hybrid-Technologie. Esou och Volvo mam neien XC40 T5 Recharge. De Paul Origer hat e fir eis getest.
    0 min