Automag

Automag

By RTL Radio LëtzebuergLeisureAutomotive
Download on the App Store

All Automag episodes

  • Automag: ALPINA Automobil Manufaktur, 29/06/2020 10:45
    ALPINA, eise Sujet haut am Automag. Alpina ass am bayereschen Buchloe doheem, an et huet ee sech op BMW Modeller spezialiséiert.  Den Konstrukteur vu ganz exklusiven Ween hat dëser Deeg op eng Presentatioun an Däitschland invitéiert, an de Christian Schmit war mat dobäi. 
    0 min
  • Automag: Audi A6, 22/06/2020 10:45
    Den Audi A6 ass an der Tëschenzäit schonn an der 8ter Generatioun ukomm. An do kënnege sech eng ganz Rëtsch Innovatiounen un – wat genee um neien A6 geännert huet, dat huet de Paul Origer fir eis an engem Alldagstest erausfonnt.
    0 min
  • Automag: 50 Joer Range Rover, 17/06/2020 16:15
    Genee op den Dag vun haut feiert de Range Rover sai 50. Gebuertsdag. Den 17. Juni 1970 gëtt deen éischten Range Rover offiziell devoiléiert. En halleft Joerhonnert schonn si si elo schonn ronderëm de Globus ënnerwee, a maachen ëmmer eng gutt Figur. De Christian Schmit huet deen aktuelle Range Rover, an ee vun der éischter Generatioun zesummebruecht. 
    0 min
  • Automag: VW T-Roc Cabriolet, 15/06/2020 10:45
    Den eenzege Cabriolet, dee VW nach am Programm huet, ass e SUV! De Serge Pauly huet déi ongewéinlech Kombinatioun T-Roc Cabriolet getest. Seng Conclusioun: VW kann décapotabel, schued dass se keen "normale Cabrio" méi am Programm hunn.
    0 min
  • Automag: Porsche Taycan , 08/06/2020 10:45
    Sportswon an Elektroauto: passt dat wierklech zesummen? Porsche huet eng kloer Äntwert op dës Fro: Taycan! De Serge Pauly huet den éischten Elektro-Porsche probéiert. Seng Conclusioun: den Elektrospaass ass effektiv garantéiert, mä mat "mobilité douce" huet dat net méi vill ze dinn.
    0 min
  • Automag: Porsche Taycan, 08/06/2020 10:45
    Sportswon an Elektroauto: passt dat wierklech zesummen? Porsche huet eng kloer Äntwert op dës Fro: Taycan! De Serge Pauly huet den éischten Elektro-Porsche probéiert. Seng Conclusioun: den Elektrospaass ass effektiv garantéiert, mä mat "mobilité douce" huet dat net méi vill ze dinn.
    0 min