Wat geschitt mat eisen Oldtimere wann emol kee Sprit méi do ass? Schliisslech gehéiere si zum mobile Kultur-Ierwen, a sollen deemno och mobil bleiwen. Um Autojumble vun dësem Joer war dëst ee wichtegt Konferenz-Thema - an de Paul Origer war fir eis dobäi.