Wënsch a gutt Virsätz, dat war de Credo dëser Deeg. Mam Christian Schmit geet et elo an d’House of Automobile. Déi regroupéieren all Federatiounen an Associatiounen aus dem Automobil-Beräich, a gesinn sech als Partenaire tëscht den «acteurs économiques et politiques». Mat hirem Porte Parole gëtt et e Réckbléck an en Ausbléck op Defien fir d’Automobilbranche.