Deen éischte Frascht suergt fir glat Stroossen a potentiell Problemer am Verkéier. Fir dat ze verhënneren, streeën d’Ponts et chaussées op de Staatsstroossen an Autobunne Salz. Wéi preparéiere si sech op d'Saison, dat freet d’Paule Rodesch de Ralph di Marco an der Salzhal zu Bartreng.