Dës Kéier geet et net ëm ee Wuert, mee ëm villWierder, déi mer bis elo bei WiWi diskutéiert hunn. Et ass eng klengJubiläum-Episod a mer kucken zesummen op de Best-of vun den Episoden 1-49.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis wéi ëmmer „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut hu mer eng besonnesch Episod, gell?
C: Gutt opgepasst, stell der vir, mer sinn elo scho bei der 50. Episod.
S: Wow, 50!
C: Maja an dofir gëtt et e klenge Best-of aus de Follgen 1-49.
S: “e Best-of” – dat ass och e coolt Wuert!
C: Jo, souwuel vun der Schreifweis wéi och de Pluriel: Best-offen.
S: A mir maachen haut e klenge Réckbléck?
C: Genee, mer schwätzen iwwert déi éischt 49 Wierder, déi mer scho gemaach hunn. Ganz typescherweis hu mer natierlech mam Wuert “gäil” ugefaangen, well ech gäil einfach esou e gäilt Wuert fonnt hunn an ech et och gäil fannen, dass mir zwee ëmmer nach um Radio sinn an iwwert d’Lëtzebuergescht schwätzen.
S: Dat ass jo och gäil.
C. An do weess ech nach, wéi ech gelaacht hu bei där Recherche, well am Duden déi witzeg Beispillsätz waren. An ech mengen déi hate sech an der Redaktioun deemools och ameséiert fir “Der Boden ist feucht und geil”. Also, wien deen dote Saz sech iwwerluecht huet, dee wosst ganz genee, wat e mécht. Dat gleefs de mer awer.
S: Mir hat och de Bäitrag iwwer d’Joffer gefall, also dass dat am Fong eng Jongfra war, déi esou bezeechent gouf. An dat haut haaptsächlech d’Enseignante an der Primärschoul ass!
C: Jo, dee Lien mat der Jongfra besteet haut guer net méi. Ganz selte mol gi jonk Fraen als “Joffer” bezeechent, mee genee wéi beim däitsche “Fräulein” geschitt dat ëmmer manner.
S: An de ‘random’ war och cool, well ech hat Wuert einfach esou oft am Lëtzebuergesche héieren. Ech fannen et och gutt, wa mer mol iwwer méi nei Wierder schwätzen. Woubäi ech d’Geschicht an de Gebrauch vun eelere Wierder och spannend fannen!
C: Ech versiche jo och ëmmer méi onbekannt Begrëffer ze erklären, déi mat Päerd oder mam Bauereliewen ze dinn hunn an dat ass gaange vun “Hott an Har”, fir déi Kommandoen, déi een de Kutschpäerd zourifft, bei bei de Minnesch, dee mat CH geschriwwe gëtt, well en als kastréiert Päerd wéi e “Mönch” ugesi gëtt.
S: Mee den Detail kënnen d’Leit jo einfach nolauschteren, mer sinn op Spotify an och op Apple Podcast. Oder dir gitt an d’Mediathéik vum 100,7.
C: A mir huelen elo och Wuertvirschléi vun de Leit un, schreift eis dofir einfach op
[email protected] a schéckt eis är Liblingswierder oder souer, iwwer déi der méi wëllt wëssen.
Zwëschenduerch ginn ech och ëmmer gären Orthografie-Tipps, dobäi soen ech net just, wéi e Wuert geschriwwe gëtt, mee och firwat een et sou schreift.
… an do hat ech beispillsweis iwwert den Äddi geschwat. Mir schreiwen den A mat den zwee Pénktelcher, dee leet sech nämlech am Fong vun Adieu of. An ëmmer, wa mer e Virbildwuert hunn oder e Parallelwuert an enger anerer Sprooch, wou en A dran ass, da schreiwe mer den Ä. Et kann ee sech hei op verhalen: Den Eddie mat E ass den Eddie Murphy, dee mam A ass bye bye. Mat A wéi awar oder awuer!
S: Awar hunn ech awer scho laang net méi héieren!
C: Et ass och eng Abschidsfloskel, déi net méi vill benotzt gëtt.
Ech muss awer och soen, dass ech bei Wiwi och eppes vun dir léieren, Simon. An zwar hunn ech dat mat der Mexican Wave geléiert. Mir hate jo d'La Ola Well. Also La Ola heescht schonn déi Well. A wa mer da soen eng La Ola Well, dann hu mer zwee Artikelen an zwee Substantiver, déi genee dat selwecht soen. An do has du mer gesot, dass dat op Englesch d'Mexican Wave wier, well déi bei enger Fussball-WM, wann ech mech ganz richteg erënneren, vun de mexikanesche Fans gemaach ginn ass an et dofir de Mexican Wave ass. Dat hunn ech cool fonnt. Well ech sinn ëmmer Fan vun Léieren an dat hunn ech vun dir geléiert.
S: Ma gesäis de!
C: Eppes, wat ech leider guer net gutt léieren a mer och net esou wierklech verhale kann, ass d'Ofkierzung Laser. Weess du se nach?
S: _____
C: Komm, ech liesen nach eng Kéier of: light amplification by stimulated emission of radiation. Net nëmmen, dass et ganz komplizéiert technesch Wierder sinn, mee da sinn och nach Funktiounswierder dran, wéi Prepositiounen, déi net an der Ofkierzung dra sinn. An ech hoffen, ech wäert mer dat lo iergendwéi iergendwann verhalen.
S: Dann hoffe mer, dass mer och deen nächste Jubiläum zesumme feieren, wann et der dann 100 sinn! Da proste mer!
C: A kuck, prost war och schonn eng Emissioun bei Wiwi!
S: Da prost a merci, Caroline, an och eisen Nolauschterer an Nolauschterinnen villmools merci fir hiren Intressi un der Lëtzebuerger Sprooch!
C: Ech freeë mech schonn! An d’Schlusswuert ass: Äddi!