Dës Kéier geet et ëm d’Wuert "panéieren" an den Ënnerscheed tëschent enger Panéierung an enger Panad - awer just fir Leit, déi et ganz genee wëlle wëssen!
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon! Haut fänke mer mat enger summerlecher Fro un, nodeems mer schonn Temperaturen iwwer 35 Grad haten!
S: Ok!
C: Gees de heiansdo kal duschen, wann et sou richteg waarm dobaussen ass?
S: ___
C: Kuck, wann et de Päerd ze waarm ass, da kann een se och ofduschen, schéi kal mam Schlauch – a weess de, wat se dono am allerléifste maachen?
S: ___
C: Se wenzele sech am déckste Stëbs.
S: Aaa, ass ‘wenzelen’ haut eist Wiwi-Wuert?
C: Nee, dat net, woubäi ech mer dat mol direkt muss opschreiwen, well et och einfach cool ass. Fir d’Wenzelen am Stëbs soe ech ëmmer panéieren … well nom Wenzele gesinn d’Päerd einfach panéiert aus, grad wann se beispillsweis wäiss sinn an de bronge Sand un hinnen hänke bleift.
An DO si mer beim Wuert vun haut: panéieren.
S: Panéieren, wéi beim Schnitzel?
C: Genee. Haut schwätze mer iwwer panéieren. An als méisproocheg Persoun, also eng, déi duerch de Lëtzebuerger Schoulsystem gaang ass, ass panéieren warscheinlech kloer vun der Zesummesetzung hier.
S: Wéinst franséisch ‘pain’?
C: Genee dat wollt ech elo soen, well mir kënne séier gesinn, dass et sech ofleet vum franséische pain, an dass et eppes mat Brout ze dinn huet. Pain/Paner geet natierlech zréck op d'Latäin panis, wat Brout heescht.
S: Am Franséische gi vill Wierder op Latäin zréck, nee?
C: Latäin ass jo och eng Virstuf vum Franséischen, e Virfar souzesoen.
Awer mir sinn nach net fäerdeg mam Panéiere fir haut, well et geet mir nämlech och ëm d'Tatsaach, dass iwwerhaapt Liewensmëttel mat Brout verschafft ginn, souzesoen a Brout agepaakt op eng speziell Aart a Weis. A wéi am Däitschen och, kann een – wann ee ganz genee wëll sinn – en Ënnerscheed maachen tëscht “Panade” an “Panierung”, also tëscht enger Panad an enger Panéierung. Kanns de do eppes drënner virstellen?
S: Ech mengen, dat wier fir mech genee dat selwecht.
C: War et fir mech am Fong och, bis ech a Kachsendungen a bei menger Wiwi-Recherche den Ënnerscheed méi genee nogelies hunn.
Fänke mer mer eng Kéier u mam Verb panéieren. Panéiere kennt een zum Beispill beim typesche Wienerschnitzel. Dat heescht, mir hunn en Liewensmëttel, wat an deem Fall Fleesch ass, an dat gëtt dann duerch verschidde Liewensmëttel gezunn, déi eemol pecheg sinn an eemol stëbseg oder grimmeleg. An da verbënnt sech dat.
Lo am Fall vum Wienerschnitzel hu mer e Stéck Fleesch, wat da fir d'éischt gesalzt gëtt, an da kënnt e bësse Miel drop.
S: A Miel ass jo dann och schonn en Deel vu Brout, mee dat ass awer nach net panéieren!
C: Genee, et dréit sech alles ronderëm Brout souzesoen. Da gëtt et dat bemielt Fleesch duerch Eeër gezunn – schéin an enger Schossel opgeklappt – an da kënnt et an déi nächst Statioun mat de Broutgrimmelen, mam Panéiermiel, also an déi Semmelbrösel. Semmel heescht jo näischt anescht wéi Bréitchen. Weess de, wéi Panéiermiel op Franséisch heescht?
S: ___.
C: Op Franséisch heescht dat chapelure.
S: Op Englesch wéisst ech et, do ass et och ganz kloer: breadcrumbs.
C: Chapelure ass effektiv e bësse méi komplizéiert. Dat geet nämlech zréck op d'Verb chapeler, wat et scho viru bal 1000 Joer gouf. An dat bedeit, dass ee ganz laang op eppes schléit oder mam Messer beaarbecht an dass esou eppes kleng gemaach gëtt. An d’chapelure ass dann d'Iddi, dass een aalt Brout eeben esou kleng veraarbecht, bis iergendwann just nach déi Grimmelen iwwereg sinn.
Mee zréck bei eis Panad: Brout war eppes, wat einfach vill iwwereg war. A wann een net wollt, dass et direkt gro gëtt oder wann et da schonn haart war, dann huet ee sech verschidde Saachen afale gelooss, fir dat weider ze veraarbechten, fir keng Bëtz ze maachen. An ech fannen d'Panéieren einfach super interessant, well een do mam Brout schafft, mee awer d'Iddi vum Brout guer net méi hunn. Also och d'Panéiermiel ass am Fong näischt anescht wéi iergendwéi virgebakent an duerchgehäckselt Brout.
S: A wat war dat mam Ënnerscheed tëscht enger Panad an enger Panéierung?
C: Also lo si mer natierlech bei Fachsproochen, dat heescht beim Kichejargon, an dat ass heiansdo anescht wéi dat, wat mir am Alldag benotzen. A reng theoreetesch muss een d’Panad an d’Panéierung auserneenhalen, well d'Panad ass dat, wat ech benotzen, wann ech zum Beispill Bullette maachen, do maachen ech oft e Bréitchen oder eeben ageweechtent Toastbrout mat dran, fir dass et einfach méi Mass kritt, awer och fir d'Fleeschtextur e bësse méi locker ze maachen. Panad ass also ëmmer mat vermätscht souzesoen. An dann hu mer nach dat, wat ech nom Panéieren hunn, also d'Panéierung. Bei der Panéierung geet et drëm, dass ech Semmelbrösel hunn, déi Chapelure, an dass ech do d’Fleesch dra wenzelen, wéi zum Beispill de Schnitzel, einfach dass ech eng Hüll ronderëm maachen aus Broutgrimmelen. Wann dir awer lo alles Panad nennt, ass dat kee Problem, et ass jo just an der Fachsprooch, wou den Ënnerscheed gemaach gëtt.
S: Mengs de, dass Käch den Ënnerscheed do sou genee maachen?
C: Also mat der Prozedur op alle Fall, mee mam Numm – dat kann ech der net soen. Vläit si jo Käch a Kächinnen, déi eis nolauschteren, déi kënne sech jo bei eis mellen!
S: An du mells dech souwisou nees am September bei eis. No der Summerpaus! Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, dann nees am September, wann d’Schoul an d’Uni nees ufänken.
C: Ma Merci och! A jo, genee, mir maachen eng kleng Summerpaus! Da panéiert iech gutt op der Plage mam Sand, benotzt Sonnecrème a schéckt eis gären Är Wierder fir Wiwi-Episoden op [email protected] ! An d’Schlusswuert ass: Äddi!