Dës Kéier geet et ëm Villercher, dialektal Varianten an d’Fro, ob eng Elster wierklech sou “diebisch” ass wéi hire Ruff.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei Wiwi no der Summerpaus nees „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Du hues mir lo grad virun der Opnam nach net gesot, wat eist Wuert vun haut ass.
C: Dat ass alles Kalkül! Mer fänken haut nämlech mat engem Quiz un: Kenns de – oder Dir doheem – dëst Wuert: Gabrioul? _ Oder Atzel? Atzelchen? Seet der Kring eppes? Oder Krick?
S: Sinn dat elo alles verschidde Wierder?
C: Et geet ëm e Wuert am Lëtzebuergeschen, fir dat ech 24 verschidde Bezeechnunge fonnt hunn, mer schwätzen also ëmmer nach iwwer eng eenzel Saach. Mer kommen der Saach mol méi no: Doudevull. Oder Kréi?
S: E Kueb?
C: Nach net ganz, woubäi d’Famill scho stëmmt: An elo komme mer bei weider Bezeechnungen: Léister, Dälster, Elster an Eelster. An lo weess de schonn ëm wat et geet.
S: Haut geet et ëm Elsteren!
C: Richteg, also Elstere sinn sougenannt Rabenvögel. Dat heescht, déi hu schonn mat den Kueben eppes ze dinn. Awer et sinn natierlech déi schwaarz a wäiss, déi een och ganz vill zu Lëtzebuerg fënnt. An den Henri Klees huet a sengem Buch (vun 1981) 24 verschidde Forme fonnt, déi zu Lëtzebuerg fir dee Villche benotzt ginn, woubäi eenzel Formen och just eng liicht aner Aussprooch hu wéi Eelster oder Elster, Gabb(e)rioul oder Kabb(e)rioul.
S: Do hunn ech awer dat meescht nach ni héieren.
C: Ma ech och net, et geet jo och net ëm wäit verbreet Bezeechnungen, mee ëm alles, wat iergendwéi viru 50 Joer fir dee Vull gesot ginn ass.
S: Also ech soe meeschtens einfach Elster, mee wou kënnt dat eigentlech hier?
C: Ech hu versicht erauszefannen, wou den Numm Elster hierkënnt. An dat ass e bësse komplizéiert, well mer ginn do wierklech ganz wäit zréck an d’10. Joerhonnert an d'Alhéichdäitscht. An och do huet een schonn d'Form Agelster, Eegelster, déi sech dann zesummekierzt zu Elster. A warscheinlech geet dat nach méi wäit zréck. Also elo sprange mer nach eng Kéier 1000 Joer zréck. An do si mer warscheinlech bei engem Wuertdeel ago, aga, dee mer haut och mam Wuert Ecke a Verbindung bréngen. An zwar ass mat ago/aga eppes Spatzes gemengt. Et geet een dovunner aus, dass Elster esou e Benennungsmotiv mat ‘spatz’ huet, well se hannen déi ganz laang Fiederen hunn, déi esou spatz zesummelafen. Et ass awer och interessant, wéi se op Englesch heescht.
Weess du dat?
S: Maja, do heescht se Magpie. Fro mech awer lo net, wou dat hierkënnt …
C: Dofir sinn ech jo do! Well och do hunn ech versicht d’Etymologie erauszefannen, well Magpie léisst sech jo net aus de Bestanddeeler vum Wuert hierleeden. A fir dat Englesch ze verstoen, musse mer fir d'éischt an d'Franséischt goen, well, weess de wéi se op Franséisch heescht?
S: Hei ass jo e richtege Vokabeltest haut, keng Anung, éierlech gesot.
C: Ech maache lo sou schlau, mee ech kommen natierlech mat recherchéierte Wierder: Do heescht se Pie bavarde. Also pie ass den Numm vum Vull a bavarde, well se esou vill Geräischer mécht, vu bavarder. Pie geet zréck op de laténgeschen Numm Pica pica.
S: An d’Englescht?
C: Ma franséisch pie hunn d'Englänner dann och iwwerholl, also P-I-E, geschriwwe wéi am Franséischen, just dass si et anescht ausgeschwat hunn.
S: Awer wat ass mam Deel ‘Mag’?
C: Mag ass d'Kuerzform vum Margaret. An hei geet et och drëm, dass eng Persoun relativ vill geschwat huet. An erënners de dech nach, mir haten d'Folleg vum Batti … an do hate mer och vum Schnësskätti geschwat. Dat heescht, Magpie ass am Fong e Schnësskätti.
S: A sou?
C: Du hues iergendeen Numm, deen eng Persoun beschreift (Cathrine, Margaret), déi eng Eegenschaft huet oder där eng Eegenschaft zougeschriwwe gëtt. An d’Pie schnësst vill (bavarder) an dorauser entsteet dann eng Magpie. A kenns de nach eppes aneres, wat een iwwer Elstere seet, ausser dass se vill Geräischer maachen?
S: A jo, am Däitschen ass et dach “eine diebische Elster”.
C: Genee, um Enn wëll ech nach op eppes hiweisen, wat jo vu ville Leit gemengt gëtt, wann et ëm Elstere geet. An zwar, dass se blénkeg Saachen immens gären hunn an dass se klauen. An do gouf et 2014 eng Etüd dozou. An d’Fuerscher an d’Fuerscherinnen hunn erausfonnt, dass dat iwwerhaapt net stëmmt. Op der Exeter University hu se an engem Test mat 64 verschidden Zenarioen erausfonnt, dass Elstere souguer manner huelen a manner iessen, wann d'Saachen entweeder blénkeg oder blo sinn. Firwat dat Blot elo erakënnt, kann ech der net soen. Mee hei goufe wierklech Saachen getest wéi kleng Réngelcher oder Schrauwen oder Sëlwerpabeier. An et huet sech erausgestallt, dass d’Elstere vun allem Saache gefaart hunn, déi einfach nei waren. Dat heescht, se hu sech haaptsächlech fir Saachen decidéiert, déi se scho kannt hunn an déi ware meeschtens net blénkeg. Se hunn also éischter eng Neophobie, also Angscht virun neie Saachen.
S: Also Elstere schnësse vill, mee klauen net, an Englänner iwwerhuele Wierder aus dem Franséischen.
C: Genee, dat war sou de Resümmee vun eiser éischter Emissioun no der Summerpaus! S: Da soen mer elo merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!