Dës Kéier geet et ëm d’Verb "fäerten", wéi eng Dialekter och de "Fäertaasch" kennen a firwat verschidden al Spréchwierder an Ausdréck u Mobbing grenzen.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei Wiwi "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Moie Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht?
C: Haut geet et ëm e Wuert, wat mer vun engem Nolauschterer erakruten, an zwar war d'Fro nom Verb fäerten, wou fäerten eigentlech hierkënnt.
S: A, intressant!
C: An do huelen ech Iech mat op eng Rees duerch däitsch Dialekter an e bëssen duerch d'Zäit. Bei fäerten hu mer natierlech verschidde Wierder am gesamte Champ lexical, déi sech gläichen. Dat heescht mir hunn: Gefor, fäerten, fierchterlech – an dat leeft alles esou e bëssen zesummen, woubäi mer bei der ‘Gefor’ warscheinlech en aneren Ursprong hunn.
Kucke mer eis dat eng Kéier méi genee un. D’Verb ‘fäerten’ hat schonn am 8. Joerhonnert verschidde Formen: Do war et dann eppes wéi ahd. for(a)hten, furhten (mat