Mir schwätzen iwwer d’Bootsch a mir verroden Iech, wéi een eigentlech richteg gutt gebootschte Grompere mécht.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon.
S: Wouriwwer schwätze mer dann haut?
C: An dëser Episod geet et ëm eng Bootsch. Weess de, wat eng Bootsch ass?
S: ____
C: Mee vläicht kenns de d'Verb bootschen oder, vläicht seet och engem doheem eppes, gebootschte Gromperen.
S: A jo! Déi kennen ech! Mee d’Wuert Bootsch éischter net.
C: Mir sinn haut ënnerwee an der lëtzebuergescher Kichen a kucken eis un, wat eng Bootsch ass, wéi Bootsche fonctionéiert a wéi en déi perfekt gebootschte Grompere mécht – laut dem Luxemburger Wörterbuch vun 1950!
S: Do si mer lo gespaant!
C: A lass! Eng Bootsch ass am Fong näischt anescht wéi eng Kuuscht. Dat heescht, iwwerall wou sech eng Kuuscht bilde kann, schwätze mer vun enger Bootsch, zum Beispill op enger Wonn kann esou eng Kuuscht gebilt ginn, eng Krust. An dat huet een eebe fréier och am Lëtzebuergesche Bootsch genannt.
S: An elo just op enger Wonn?
C: Nee, am Fong alles, wat verkruste kann, dat kann och e Bluttfleck sinn, eng Bootsch Blutt um Gezei. An dann hu mer och, nee, komm ech froen dech elo eng Kéier einfach esou: Wéi nenns du dat Stéck vum Brout, wann een et uschneit? Also déi haart Baussescheif, déi eeben dat éischt Stéck ass.
S: ____
C: Ma bei eis an der Famill nenne mer dat “eng Knaischen”. An du kanns awer och soen: eng Bootsch oder och Kiwwel, Kniwwel, Knaus. Knaus ass jo am Fong déi Vollform zu deem, wat ech als Knaischen bezeechnen. Aner Bezeechnunge sinn: Kuescht, Kruucht, Kuuscht oder och Opschnatz. Bon, Opschnatz ass éischter Tatsaach, dass een dat opgeschnidden huet … An hei huet Bootsch awer och nees d’Motiv vun der Krust, vun eppes, wat baussen haart ass.
S: A wéi komme mer lo bei d’gebootschte Gromperen?
C: Bleiwe mer mol bei der Iddi, dass Bootsch, Kuuscht, Krust dat selwecht bezeechent. Da si mer nämlech scho beim Verb bootschen. A Bootschen heescht einfach Kruste bilden. Lo kucke mer mol de Beispillsaz, deen am Luxemburger Wörterbuch steet: den Dreck bootscht mer ënnen un der Box zesummen.
S: Ei!
C: Dat heescht, du hues scho richteg esou e kuuschtege Bulli ënnen un der Box. An da gëtt et natierlech och de Grompereplat, d’gebootschte Gromperen. An hei steet souguer e Rezept am alen Dictionnaire.
Do steet: «kleine, geschälte Kartoffeln mit wenig Wasser (oder schwarzem Kaffee) angefeuchtet in einem Eisentopf ansetzen, damit sie am Boden anbrennen» (das Fett, Grieben oder Speck, wird erst auf der Schüssel beigegeben).
S: A firwat Kaffi?
C: Vläit fir déi däischter Faarf oder och fir de Goût? Dat war leider ouni Erklärung a konnt och bei kenger Persoun erausfannen, ob do Kaffi dragehéiert a firwat.
Dat heescht, d'Iddi vun de gebootschte Gromperen war, dass ech Grompere schielen, kleng schneiden, e bësse Fiichtegkeet dru ginn, fir dass dat verdämpe kann, an da komme se an e gossen Dëppen, wou vill Hëtzt dru kënnt. An dann huet ee se einfach gewäerde gelooss an net gedréit an näischt, bis se eeben ënnen ubootschen, eng Krust bilden.
S: Also ubaken.
C: Jo, dass de dann déi Krust do hues. An herno kënnen nach Gréiwen oder Speck dobäi. An dat ass eng gebootschte Gromper. An deen Ausdrock huet meng Bomi heiansdo rose gemaach.
S: A firwat?
C: Ech weess, dass meng Bomi ëmmer rose ginn ass, wa verschidde Leit gesot hunn, gebrootschte Gromperen, mat R “brootschen”, well se et wéi Bratkartoffeln verstan hunn. An do war se dann ëmmer: mir hu kee brootschen! Et gëtt broden a bootschen, awer näischt dertëscht!
S: A jo, ech mengen, ech hunn och schonn héieren, dass Leit ‘gebrootscht’ soen.
C: An dat ass eng Mëschform, déi et awer esou net gouf, well mer hunn d’Bootsch mam Verb bootschen a béides huet mat Krusten ze dinn an donieft hu mer d’Verb broden. An dat ass béides aus der Kichen, mee et sinn zwee verschidde Verben.
S: Mir soen der merci, Caroline, fir déi linguistesch a kulinaresch Informatiounen a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!