Zanter 21 Joer kann ee sech als Koppel zu Lëtzebuerg pacsen - also seng Partnerschaft umellen. Zanterhier gouf déi Form vun Unioun plazeweis ëmmer méi beléift. An der Stad zum Beispill hu sech d’lescht Joer méi Koppele gepacst wéi bestuet. Den Ekonomist Anthony Lepinteur erkläert, wat fir déi jeeweileg Partnerschaftsforme schwätzt.