Den 23. Mäerz hate sech 57 Prozent vun de Bettenduerfer Leit fir e Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher mat de Gemengen Dikrech, Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng ausgeschwat. Gëschter (23.4.) huet de Gemengerot sech iwwer d'Resultat vun deem Referendum ewechgesat an definitiv nee zu der Nordstad gesot. “Mir sinn immens enttäuscht, datt de Gemengerot den däitleche Wëlle vun der Bevëlkerung ignoréiert huet. E Referendum ass keng symbolesch Ëmfro, mee en demokrateschen Optrag" huet d'Biergerinitiativ Pro Referendum an engem Communiqué geschriwwen.