An der Caritas-Affär kéint et zu engem fréizäitegen Urteel fir zwee vun den Ugeklote kommen. Déi zwee Männer aus Bulgarie kréie reprochéiert, datt si a Spuenie Bankkonten opgemaach hunn: Konten iwwer déi een Deel vun den 61 Milliounen Euro transitéiert sinn, déi d’Caritas zejoert geklaut krut.