Um 10 Auer de Muere wäert den OGBL op enger Pressekonferenz d’Direktioun vu Caritas Jeunes et Familles schaarf attackéieren. Dat geet schonn aus der Invitatioun op déi Pressekonferenz ervir, an där vun enger Attack op d’Personaldelegatioun “wéi et nach keng gouf” rieds ass, grad wéi vun der “inacceptabeler Fräistellung” vu 4 Personalvertrieder. Caritas Jeunes et Familles, eng vun där fréierer Fondatioun Caritas komplett onofhängeg Struktur, déi och net vun der Fraude betraff war, huet scho virun deem OGBL-Rendez-vous mat der Press Stellung geholl.