Bei de Juniore sinn de Jonah Flammang-Lies an de Lennox Papi dobäi a bei der U23 vun de Fraen d’Marie Schreiber. Si gëllt no enger erfollegräicher Saison als eng vun de Favorittinne fir d’Course. Mee no enger Chute leschte Weekend beim Training zu Maasmechelen der Belsch muss ee kucken, wat e Sonndeg fir d’Marie Schreiber dran ass.