Iwwer 100.000 Persounen hunn un der Pride zu Budapest deelgeholl, obschonn d’Veranstaltung duerch e Gesetz vu Mäerz 2025 verbuede gouf. Fir d’Pride awer ze organiséieren huet de lénks-grénge Buergermeeschter vu Budapest Gergely Karácsony d’Pride an ee Gemengenevent ëmklasséiert, fir domat dat ëmstriddent Gesetz ze ëmgoen. Domat riskéiert hie genee wéi d’Organisateuren eng Fräiheetsstrof vun engem Joer, d'Participante kéinten eng Geldstrof kréien. Ënner hinne waren och eng Rëtsch EU-Deputéierten, wei d’Tilly Metz vun de Gréngen an den LSAP-Politiker Marc Angel. D'Pebia Urban huet déi zwee op Budapest begleet an den Oflaf vun der Pride verfollegt.