Dräi Deeg no hirem staarken Optrëtt bei der 1-0 Victoire heiheem géint Schwede spillt d’Lëtzebuerger Fussball-Nationalekipp vun den Hären haut den Owend (25.3.) e Frëndschaftsmatch an der Schwäiz. D’Rout Léiwen hunn u sech besser Erënnerungen un d’Schwäizer “Nati” (esou gëtt d’Schwäizer Nationalekipp genannt) wéi dat ëmgedréit de Fall ass. An dat läit um 10. September 2008, wéi Lëtzebuerg d’Schwäiz zu Zürech sensationell a komplett onerwaart 2-1 geklappt hat.